Espace_W5 zu HollerechD'Expo "Coexist" bréngt Liewen an en aalt Haus

Isabelle Gillen
D'Emma Bervard huet fir d'Ausstellung 13 Kënschtlerinnen a Kënschtler invitéiert.
D'Expo "Coexist" bréngt Liewen an en aalt Haus
D'Emma Bervard huet fir d'Ausstellung 13 Kënschtlerinnen a Kënschtler invitéiert.
Den Haaptdeel vum Projet ass, dass mir zesummen kommen, zesummen schaffen an opbauen.
Emma Bervard

D'Haus Nummer 5 an der Rue Walram huet sech wärend enger Residenz vu ronn enger Woch an eng Plaz fir Kreativitéit an Diversitéit verwandelt. 13 ganz ënnerschiddlech Kënschtlerinnen a Kënschtler hunn hei zesummegeschafft, fir d'Expo "Coexist" op d'Been ze stellen. D'Curatrice a Kënschtlerin Emma Bervard erzielt:

"D'Iddi ass entstanen, wéi mir d'Haus ausgeraumt hunn. Mir hu gemierkt, dass ganz vill Saachen hei dra stinn, déi mir mussen eraus kréien. Jee méi mir eraus geraumt hunn, desto méi hunn ech geduecht, dee Raum ass wierklech cool, et gi wonnerschéi Raim mat ganz vill Geschicht."

Zäitgenëssesch Konscht a verschiddene Medien treffen op deen ale Charme vun engem Haus, dat bal e Joerhonnert u Geschicht hannert sech huet. Viru ronn 60 Joer hunn am Haus zwou Familljen zesumme gelieft, Zëmmere goufe bewunnt an ëmmer nees ëmgestallt. Elo iwwerhëlt eng nei Generatioun genee dës Reim a léisst se duerch Konscht alt nees eng Kéier nei opliewen.

Beim Ausraume vum Haus a wärend der Residenz konnten d'Artisten alleguer d'Geschicht vum Haus entdecken a sech eng Woch laang mat dësem historesche Lieu auserneesetzen. D'Emma Bervard stellt och selwer Konschtwierker an der Expo aus. Dat an enger vun den zwou Kichen am Haus.

"Bei mengem Projet geet et ëm den Alldag. Ech hu geduecht, dass et cool wier, wann ee verschidde Bléckwénkel hätt. Dowéinst hunn ech Cubë gemaach. Déi si verschidde bemoolt an déi ginn da gestapelt, fir dass ee sech duerch déi kleng Momenter duerchkucke kann. Et ass och e bësse wéi eng Erënnerung, déi hei am Haus zeréck bliwwen ass."

No der Ausstellung soll d'Haus vu Grond op restauréiert ginn. Duerno soll den Espace_W5 eventuell och nach méi oft fir esou Projete genotzt ginn. D'Expo "Coexist" ass bis den 22. November am Espace_W5 zu Hollerech z'entdecken.

Back to Top
CIM LOGO