An der Stad ass en Donneschdeg d'Ausstellung "Simply Survivors" ageweit ginn. D'Fotoe si vu Fraen, déi sexualiséiert Gewalt erlieft hu, gemaach. Bis am Januar ass d'Ausstellung op der Place de Strasbourg ze gesinn.
Hannert dem Projet steet d'Initiativ Stand Speak Rise Up!, déi d'Grand-Duchesse Maria Teresa an d'Chékéba Hachemi gegrënnt hunn. Beim Vernissage war d'Grand-Duchesse selwer dobäi. Wéi déi ausgestallte Biller entstane sinn, erzielt si:
"Mir hunn hinnen e klenge Fotoapparat geschéckt, dee jetable ass a mir hunn hinne gesot, maacht eng Foto aus ärem Liewen a schreift drënner wat d'Foto heescht, wat et ass. An dat ass d'Expositioun. Mir hunn d'Fotoen erëmkritt a mir hu se schéi grouss gemaach, Dank der Stad Lëtzebuerg, déi eng fantastesch Aarbecht gemaach huet."
Op de Fotoe sinn dacks alldeeglech Momenter ze gesinn. Wat se ausmëscht, sinn d'Wierder, déi d'Frae selwer dobäigeschriwwen hunn. Si ginn de Biller eng Bedeitung, déi een op den éischte Bléck net gesäit. Ee Beispill aus der Ausstellung weist dat:
"Mir weisen dës Expositioun mat de Kommentare vun de Fraen, dee ganz emouvant ass. Et gëtt zum Beispill eng Foto aus dem Afghanistan vun engem klenge Jong deen e Meedche gesäit a seet: Meng Frëndin. Ech hunn hatt net méi gesinn, d'Elteren hunn hat fir 3.000 Dollar verkaaft un en ale Mann, mat deem hatt bestuet gouf."
Fir d'Stad Lëtzebuerg ass d'Ausstellung een Element vun enger ganzer Rei Aktiounen, déi de ganzen November iwwer op d'Gewalt géint Fraen opmierksam maachen. D'Stad war beim Vernissage vum éischte Schäffe Maurice Bauer vertrueden. Hie seet, firwat d'Ausstellung grad hei steet:
"Déi Ausstellung hei ass ronderëm eng Spillplaz, se ass matzen am Quartier vun der Gare, wou vill Leit schaffe ginn, wou vill Leit liewen, wou Leit akafe gi wou mer einfach hoffen, iwwert dee Wee eis Sensibilisatioun op en Thema, deen essenziell ass, weider kënnen an d Luucht ze dreiwen. Dowéinst si mer ganz frou, dass mer mat dëser Ausstellung, awer och wierklech wärend zwee Méint, kënne massiv hëllefen, eng Visibilitéit vum Thema vun der Violence géint Fraen, dat kuerz virun der 'Orange Week', déi lo gläich kënnt, ze weisen an ech mengen dat ass e wichtege Message."
Wat kann een also maachen, wann een a sengem Ëmfeld eng Fra kennt, déi vu Gewalt betraff ass? Dozou huet de Maurice Bauer en Appell un d'Bevëlkerung:
"Net ewech kucken, dat ass mengen ech dat wichtegst. Wann een ee kennt, dee Victime ass vu Violence conjugale, da soll een onbedéngt mat där Persoun schwätzen, se encouragéieren, bei d'Autoritéiten ze goen, béi d'Police ze goen, bei déi Associatiounen ze goen, déi sech em déi Frae këmmeren, fir Berodung ze kréien, fir Hëllef ze kréien. Well ech mengen, eng Fra déi a sou enger Situatioun ass, ass immens eleng an déi muss ënnerstëtzt ginn. Dowéinst, all Mënsch deen a sou enger Situatioun ass, och wann en net sécher ass, kann awer emol mat der Persoun schwätzen a se mol op d'mannst probéieren, ze sensibiliséieren, well oft ass et zum Beispill och schwéier, de Fraen iwwerhaapt kloer ze maachen, dass si Victime sinn. Déi realiséieren et net oder se verdrängen et an do ass et och wichteg, dass dann Externer villäicht kommen a se deen noutwendegen Encouragement ginn, dee se brauchen, fir sech ze decidéieren, Hëllef sichen ze goen."
Bis am Januar kann een d'Ausstellung op der Place de Strasbourg gesinn, ouni Entrée a ronderëm d'Auer. Wien laanscht geet, kritt Geschichten ze liesen, déi soss net erzielt ginn.