
Den zentralen Treffpunkt fir Galerien, Institutiounen, Sammler a Konschtbegeeschterter ass och dëst Joer nees um Glacis.
D’Luxembourg Art Week, déi 2015 gegrënnt gouf, huet sech ronderëm eng duebel Missioun entwéckelt: d'Ënnerstëtzung vum Marché fir zäitgenëssesch Konscht an d'Iwwerhuele vun enger aktiver Roll an der Lëtzebuerger Kulturlandschaft. Et ass eng Plattform, déi als Plaz fir Entdeckungen an Austausch déngt - wou etabléiert an opstriewend Konscht openeen treffen.
Ze gesinn kritt een Konschtwierker vu 78 Exposanten aus 15 verschiddene Länner, mam Fokus um Medium vun der Fotografie.
Ma och ronderëm d'Foire um Glacis gëtt et e grousse Programm ze entdecken. Nieft Konferenzen, Performancen, a guidéierte Visitten gëtt et och nach den Art Walk. Dëse verleeft vum Kierchbierg bis op d'Gare an huet am Ganzen 11 Skulpturen an 9 Kapsele vun nationalen an internationalen Artisten ze bidden.
Bis den 22. November gëtt et also vill ze entdecken, sief et uechter d'Staat oder am groussen Zelt um Glacis.
Tickete fir d'Art Week 2026 fannt dir hei.
A wie samschdes den 21. November Loscht huet den Owend musikalesch auskléngen ze loossen, dee kann dat op der AFTER FAIR am Whitehouse maachen. Organisateur vun dësem Event ass d'Associatioun L'Art De, déi fir eng éischte Kéier a Kollaboratioun mat der Art Week hiert Konzept vun Art meets Music presentéiert.