
D‘selwecht wéi an Europa war et eng grouss Tëleesproduktioun mat enger imposanter Bün, vill Glitzer, Danz a live Gesang. Gesonge gouf an 10 regionale Sproochen genee wéi deels och op Englesch.
D'Tëleespectateure konnte fir hire Favorit ofstëmmen, wat d‘Hallschent vun de Punkten ausgemaach huet. Déi aner Hallschent koum duerch e Vott vun nationale Juryen. Matgestëmmt hu Spectateuren aus méi wéi 180 Länner.
Um Enn gewënnt déi 19 Joer jonk Sängerin Carmelle vun de Philippinnen, dat mam Lidd "Sobra Sobra". Den Duo Mang x Daou aus Thailand kënnt op Plaz 2, virun der vietnameesescher Popsängerin Tóc Tiên.
D'Carmelle ass fir d‘éischt bekannt ginn als Finalistin bei The Voice Kids. 2025 huet si d‘Gesangskompetitioun Tawag ng Tanghalan gewonnen, ier si bei der philippinnescher Versioun vun der Reality-Show Big Brother matgemaach huet.

Vu K-Pop iwwer T-Pop bis bei méi lues Lidder a méi traditionell Téin, war beim ESC Asien alles derbäi. Ma wéi beim klasseschen ESC gouf et och vill Glitzer, perfekt synchron Choreographien an Outfit-Wiessel.
Déi bulgaresch Gewënnerin vum europäeschen ESC Dara ass och opgetrueden an huet um Enn de Präis dierfen iwwerreechen.
D‘Potenzial fir esou eng Kompetitioun an Asien ass enorm. D'Format kéint méi wéi 600 Millioune Leit erreechen, soen d‘Organisateuren, déi hoffen den ESC laangfristeg an Asien kënnen z‘etabléieren.
D'Gewënnerin vum ESC Asien wäert beim ESC 2027 zu Burgas als Gaascht optrieden.