"Papusi" ass en Danztheater fir Kanner ab 3 Joer. Inspiréiert ass dëse vu Marionetten an iwwerhëlt Elementer aus dem Objet-Theater. D'Jill Crovisier an de Jan Möllmer stinn zesummen op der Bün a verkierperen am Ganze 5 Personnagen, dorënner en Hond, eng Kaz an eng Boma. D'Jill Crovisier:
"Et geet dorëms, dat Anert kennen ze léieren an och den Transformatiounsaspekt vu Saachen ze gesinn, mee och vu Mënschen. Mir gesi fënnef Personnagen, déi zesumme kommen an dësem Universum, déi sech kenneléieren a verwandelen. Et geet ganz vill ëm Relatioun a sech een deen aneren ze entdecken an och nei z'entdecken."

Dat zentraalt Element vu "Papusi" ass eng grouss Marionett. D'Boma Bertha, wéi se genannt gëtt, déi gläichzäiteg als Kostüm an awer och als eegene Personnage oder Objet am Stéck funktionéiert. D'Jill Crovisier erzielt, wat "Papusi" esou interessant mécht:
"Wat ech ganz faszinant fannen, ass net nëmmen d'Manipulatioun, mee och d'Aart a Weis, wéi ee se zu Liewen hëlt an iergendwéi zeréck an en Objet setzt. D'Iddi ass wierklech och deen dänzeresche Volet an dat ass deen, deen d'Stéck u sech dréit an dann natierlech och deen theatraleschen. Wéi schaffe mir mat der Popp a wéi gi mir mat der Beweegung an an der Beweegung mat hir ëm? Esouwuel, andeems ee probéiert, déi Codë vun de Marionetten ze respektéieren, wéi och domat ze experimentéieren."

Fir den Design vun der Popp huet d'Jill Crovisier mat der Ernst Busch Universitéit zu Berlin zesummegeschafft, déi e grousse Poppen-Fundus huet. Hei huet eng änlech Popp, den Herbert, si dozou inspiréiert, d'Boma Bertha ze kreéieren. Se besteet aus Schaumstoff a verschiddene recycléierte Stoffreschter aus der ganzer Welt.

Iwwert Beweegunge setzt d'Choreographin sech an hirer Aarbecht mat universellen Theeme wéi dem Liewen oder eiser Identitéit auserneen. Beim Projet "Papusi" soll dës Kéier d'Wäertschätzung vu Mënschen, Déieren an Objeten am Mëttelpunkt stoen. Inhaltlech handelt "Papusi" vun Diversitéit a soll Kanner mat ganz vill Humor un ënnerschiddlech Theemen eruféieren.
Bis den 19. November gëtt "Papusi" an de Rotonde gespillt an et ginn och Virféierunge fir Schoulklassen ugebueden.
Méi Informatioune fannt Dir um Internetsite vun de Rotonden.
