MusekDe Chanson-Duo "C'est la vie" tëscht schwaarzem Humor a Sarkasmus

Sandy Elsen
2023 haten d'Véronique Kinnen an de Rudi Schubert hiren éischte gemeinsame Projet “Vom Blühen und Verglühen” op d’Bün bruecht.
"C'est la vie"
Als Chanson-Duo bréngen d’Véronique Kinnen an de Rudi Schubert den Humor op d’Bünen an de Public zum Laachen.

"Es lebe der Tod – Lust auf Mord?", sou heescht deen zweete Projet vu "C’est la vie".

E Chanson-Owend mat Gedichter vu bekannten Auteure wéi Erich Kästner a Franz Wedekind, mat Lidder vum Museker a Kabarettist Georg Kreisler a mat eegenen Texter vum Rudi Schubert.

Beim Chanson steet déi erzieleresch a poetesch Kraaft vum Text am Vierdergrond, wat awer net heescht, dass d’Musek just eng Begleedung ass. Fir de Rudi Schubert an d’Véronique Kinnen mussen den Text an d’Musek ëmmer gläichwäerteg sinn.

Als Duo "C’est la vie" bréngen d’Véronique Kinnen an de Rudi Schubert den Humor op d’Bünen an de Public zum Laachen. Si hu sech mat hirem Projet der sougenannter "Kleinkunst" verschriwwen an domadder och dem intime Kader an dem klenge Public.

"Mir probéiere wierklech och, mat Texter a Chanson ofzewiesselen, fir datt een d'Leit och ëmmer mat an d'Boot kritt an dat geet eben net, wann een e wierklech grousse Public virun sech huet. Dat wier fir eis och net komfortabel iergendwéi", sou d'Véronique Kinnen.

Mat hirem neie Programm, mat deem si bis an de September 2027 duerch Lëtzebuerg an Däitschland touren, hu si e neit düster-komescht Kapitel opgeschloen. Mat enger uerdentlecher Portioun schwaarzem Humor a Sarkasmus beschäftege si sech mat der Loscht op Mord.

"De schwaarzen Humor erlaabt just eben och eescht Theme wéi den Doud esou opzebereeden, dass een awer ka mol schmunzelen, laachen an awer och eppes ka mathuelen, wat méi déif am Fong ass. Dat ass eise Kredo e bësschen fir dëse Programm: ee schwieregt Thema, awer mat Humor presentéiert, esou, dass et gutt verdaubar ass, denken ech", sou de Rudi Schubert.

Hei d'Tourdaten vun "C'est la vie":

  • 04.02.2027 Trifolion, Echternach (L)
  • 21.02.2027 Kerger Haff, Hellange (L)
  • 17.04.2027 UfaFabrik, Berlin (D)
  • 22.05.2027 Stuedtheater, Grevenmacher (L)
  • 09.09.2027 Im Schlachthof, München (D)
Back to Top
CIM LOGO