“Mir kréien net genuch Visibilitéit an Ënnerstëtzung” – eng Kritik, déi ee méi dacks aus der Lëtzebuerger Hip-Hop-Zeen héiert.

Een Zoustand, deen d’Rockhal ännere wëll. Viru genee zwee Méint hu si den "The Qwest Freestyle Challenge” lancéiert. Ee Concours, dee sech u jonk Lëtzebuerger Rapper riicht. Bis de 15. Januar konnt ee säi Video eraschécken, mat engem Rap zum Thema "Nei Welt". D'Vidosava Kuzmic stellt eis zwee Participante vir an huet mat hinnen iwwert hir Ambitiounen an iwwert de Stellewäert vum Hip-Hop geschwat.

Matteo Griz Wolff

Eigentlech ass de Matteo Griz Wolff éischter an der Hip-Hop-Welt doheem. Ma de jonke Museker wëll sech ongär op een eenzege Genre festleeën a séngt vun dohier och Lidder op der Gittar. Dass hien eng musikalesch Oder huet, huet sech beim 17 Joer jonken Hallef-Brasilianer scho fréi gewisen.

"Ech hunn ëmmer sou Saachen opgeschriwwen, wéi ech kleng war an dann hunn ech déi gesongen, op Familljefester hunn ech sou 3-4 Sätz zum reime kritt."

Aus klenge Reimer si richteg Texter ginn. Schreiwe mécht hie schonn zanter 6 Joer, awer just fir sech selwer. Réischt 2019 huet hien decidéiert, säin éischt Lidd erauszebréngen. "Ech hu gesinn – an dat hunn ech da scho bësse méi laang verfollegt – dass zu Lëtzebuerg vill Leit ugefaangen hu mat Rappen. An da war ech sou ‘ech kann dat och an ech kann dat vläicht souguer besser maachen’. Ech hunn ëmmer deen Drang ‘ok, du muss elo eppes maachen, soss bleifs de hannen’, an dofir probéieren ech eben ëmmer méi produktiv ze ginn."

An zanterhier ass hien ënnert dem Numm "Culture" ënnerwee – well hien, wéi hie seet, eppes zur Kultur wëll bäidroen. Mëttlerweil huet hie souguer 5 Lidder op Spotify. Um Rap interesséiert hie sech wéinst den Texter, esou de Matteo, do kéint een nämlech vill méi an d'Déift goe mam Message. Fir den Ament konzentréiert hie sech virun allem op Old-School-Rap, ma de Matteo plangt awer och eng akustesch EP mat der Gittar erauszebréngen. An 1-2 Méint soll dann nach ee Mix-Tape dobäi kommen an, an engem Joer eventuell een Album.

"Elo, wou ech wierklech aktiv sinn an der Musek-Zeen, ass et awer eppes, wou ech mierken, dass et eppes ganz anescht ass, wéi Musek fir sech selwer ze maachen. Dat kënnen erauszebréngen a Feedback ze kréien, ass mega. Elo ass et fir mech méi eppes ginn, wou ech mer soen, doraus wëll ech eppes méi Grousses maache wéi nëmmen hei zu Lëtzebuerg oder fir Kolleegen a Kolleege vu Kolleegen."

Beim "The Qwest"-Concours vun der Rockhal mécht hie mat wéinst dem potentiell grousse Public a virun allem, fir sech mat anere Rapper moossen ze kënnen. Do dernieft géing him d'Konzept gefalen:

"D’Leit kréien u sech all dat selwecht, mee all Mënsch mécht eppes anescht draus."

Kreativitéit vun de Jonke förderen

An dëst Konzept reit sech an eng Serie vun änleche Projete vun der Rockhal an, wéi z.B. de "Screaming Fields Festival". D’Zil ass dobäi ëmmer dat selwecht: d'Kreativitéit vun de Jonken ze fërderen. A mam "The Qwest"-Challenge wollt een dat Format an ee weidere Genre deklinéieren, erkläert den Olivier Toth vun der Rockhal.

"Et muss ee sech erënneren, dass den éischte Gewënner vum "Screaming Fields Song Contest" de Maz war, een Hip-Hopper, mat deem mir zanterhier nach ganz vill zesumme geschafft hunn. A wann ee kuckt, wat mir um Programm op de Bünen iwwert déi leschte Joren haten, do huet am Fong den Hip-Hop lues a lues eng ëmmer méi prominent Plaz kritt."

Genee sou wéi bei deenen anere Projeten, wier den Olivier Toth och hei begeeschtert vun der Qualitéit a vum Niveau, deen erakënnt. Wat generell d'Lëtzebuerger Hip-Hop-Zeen ugeet, esou beschreift den Olivier Toth se als immens dynamesch.

"Se ass onheemlech villfälteg, se ass ganz aktiv an a ganz ville verschiddene Sproochen ënnerwee. Dat heescht se reflektéiert eigentlech ganz gutt eist d'Lëtzebuerger Land."

Kevin Nilles

Een anere jonke Lëtzebuerger, dee beim "The Qwest"-Concours säi Gléck versicht, ass de Kevin Nilles. Den Hobby-Museker huet 22 Joer a studéiert am drëtte Semester vum Bachelor "Sciences Sociales et Educatives". Zanter der Pubertéit lauschtert de Kevin Hip-Hop a Rap an iergendwann huet hien ugefaangen, seng eegen Texter ze schreiwen. 2018 huet hien dunn, am Kader vun engem Schoulprojet, ee Lidd erausbruecht an doraus huet sech méi entwéckelt.

Am Hip-Hop interesséiert hie sech virun allem fir Lyrik, Reimstrukturen a Wuertspiller. Dass de Contenu awer net bei jidderengem gutt ukënnt, ass dem Kevin bewosst. Virun allem wann et ëm provokativ Texter geet. Net jidderee kéint d'Konschtform an den echte Mënsch dohannert auserneenhalen.

"Wann ee lo zum Beispill ee Géigner beleidege wëll – oder am Allgemengen dass ee sech eng fiktiv Persoun ausdenkt, déi ee beleidegt fir seng Superioritéit auszedrécken – dat ass och ee Stil-Mëttel. Dat heescht lo net, dass wann ech zum Beispill de Geck mat engem maachen a mengem Text, well e bësse méi déck ass, dat heescht net, dass ech eppes géint déck Leit hunn. Menger Meenung no gëtt sech einfach net genuch mat där Musek befaasst. A réischt, wann ee wierklech dran ass, wann ee mat de Leit schwätzt a kuckt wie wat, firwat seet, réischt da kann ee sech e Bild maachen."

Mam "The Qwest"-Concours géing d'Rockhal ee klengen, awer wichtege Schrëtt a Richtung vun der Lëtzebuerger Hip-Hop-Zeen maachen, fënnt de Kevin. Domat bidde si de jonken Nowuesstalenter nämlech eng Plattform fir sech ze weisen.

"Hei am Land hu mer mëttlerweil esou vill jonk Talenter. Mir gesi se, mir kënnen se einfach fannen, si sinn net verstoppt. Si sinn am Internet an d'Streams schwätzen och fir sech. Souguer ech, een, deen nach relativ onbekannt ass, souguer ech hu bal 20.000 Streams op engem Lidd. An dat ass haart Aarbecht. Et kann net sinn, dass d'Mainstream-Medien eis nach ëmmer dout schweige wëllen oder eis an een Eck schiebe wëllen, dass mir keng professionell Museker sinn. Well et ass onmoosseg, wat fir Potenzial hei am Land ass. An net nëmme Musek, och zum Beispill Kleeder. Ech hunn hei ee Pullover vun engem Kolleeg a senger Frëndin hirer eegener Kleedermark un, an dat ass einfach Jugendkultur. Dat ass ee Stéck Kultur, wat onbedéngt gefërdert muss ginn. A menger Meenung no gëtt dat net genuch gemaach."