Initiativ vum Rocklab an der Rockhal, fir jonk Talenter ze fërderen
De Kyo Collart (Mellow), de Matteo Griz Wolff (Culture) an den Adam Boukhcha (DaMensa) konnte sech um Enn géint 70 Participanten duerchsetzen.
Déi éischt 10 huet eng Jury ausgewielt, dorënner den André Neves an den David Veiga.
Déi Zwee si selbststänneg als Producer. Dat heescht si produzéieren "Beats" a verkafen déi weider u Kënschtler, déi dorausser Lidder maachen, oder si begleede ganz Projeten. Vun der éischter Iddi bis zum fäerdege Lidd. Als Magestick Records hu si sech och schonn am Ausland e Numm gemaach. Elo goufen si vum Rocklab engagéiert fir ee Beat fir de Concours ze maachen, zum Thema nei Welt.
Wéi Top 10 bis fest stoungen, ass an der zweeter Ronn e Public Voting gemaach ginn. An do haten um Enn de Culture, de Mellow an den DaMensa déi meeschte Stëmmen.
Déi jonk Kënschtler hunn domadder ënner anerem eng Opnam am Studio vun der Rockhal gewonnen. Aus den dräi eenzele Partien, déi si ragereecht hunn, gëtt ee grousst Lidd. Dofir hunn si zwee Deeg Zäit fir dat zesumme mat der Equippe vum Rocklab, der Rockhal a Magestick Records opzehuelen. Jee no Inspiratioun kann d'Produktioun vun sou engem Lidd mol tëscht enger Woch oder och mol iwwert Méint goen.
No der Opnam kënnt dann nach de Mix. Wéini d'Lidd ganz fäerdeg ass, ass nach net gewosst. Aktuell Infoe kritt een op hirem Instagram.