Zanter Mäerz lescht Joer sinn déi grouss an déi mi kleng Concertshale ganz zou. Nëmmen vereenzelt Concerten ënnert strikte Mesurë ware bis elo méiglech.

Mir stellen Iech 4 verschidde Café-Besëtzer vir, déi méi maache wéi Gedrénks verkafen. Et sinn déi kleng Concertsorganisateuren - d'Kultur-Caféen a Baren, déi Alternativen zu de Mainstream-Concerten ubidden.

De Flying Dutchman zu Beefort

An eiser Serie iwwer Kultur-Caféen ware mer e Méindeg an der Stad, en Dënschdeg goung et an den Oste vum Land, op Beefort. Do ass net nëmmen déi eelsten Disco aus dem Land, mä och déi, déi an den 80er an 90er Jore vun der däitscher Musekszäitschrëft „SPEX“ an d'Top Ten vun deene beschten internationale Clubbe gewielt gouf. Rieds geet iwwert de legendäre "Flying Dutchman". Duerch säin eenzegaartege Charakter huet dee virun der Pandemie all Weekend vill Leit aus Lëtzebuerg an der Grenzregioun ugezunn. Mir hunn de Gerant vum "Fly" getraff a mat him iwwer d'Geschicht, grad wéi och iwwert déi aktuell Situatioun vun der Kultdisco geschwat.
Gegrënnt gouf e schonn 1976, ma och iwwer 40 méi spéit Joer huet de „Fly“ näischt vu sengem originellen, alternative Spirit verluer. Ugefaangen hat alles mat sougenannte „Bal dansanten“, no a no goufen dunn ëmmer méi Concerten organiséiert a Museker wéi d'Nena oder den Hugo van Haastert hu live am Flying Dutchman zu Beefort performed. An d'Liewe geruff gouf d'Kult-Disco vun enger Hollännescher Fra an hirem eelste Jong, 2019 huet den Dan Terrao d'Rudder iwwerholl.

Ier den Dan Terrao viru ronn zwee Joer zum Gerant vun der Kult-Disco gouf, war hie selwer zanter senger Jugend ee vun den treiste Fans a Clientë vum Flying Dutchman. Emsou méi louch et him um Häerz, dass dee spezielle Spirit net soll verluer goen.

Zanter 2019 steet de Flying net méi just fir gutt Musek, ma fir déi verschiddenste kulturell Evenementer. Dat neit Konzept war e vollen Erfolleg an huet och nees méi Clienten op Beefort gezunn, bis de Covid-19 koum. Duerch déi pandemiebedéngte Restriktioune gouf et d'lescht Joer de Summer iwwer finanziell ëmmer méi knapp, bis d'Disco am September kuerz virun der Insolvenz stoung.

Zäitweis ware guer keng Perspektive méi do an och lo liewen den Dan Terrao a seng Deelzäit-Employéen an der Ongewëssheet. Trotz allem huet een am Flying Dutchman d'Hoffnung nach net verluer.

Déi aner Deeler vun der Serie

Serie Kulturcaféen (1): De Rocas bei der Badeanstalt