Bal 400.000 Leit weltwäit schwätze Lëtzebuergesch. Net vill am Verglach zu Englesch oder Chinesesch...

E Sonndeg ass den Internationalen Dag vun der Mammesprooch. Et gi weltwäit ronn 7.000 geschwate Sproochen, méi wei d'Hallschent dovunner sinn awer um Ausstierwen. Och Lëtzebuergesch steet op der Unesco-Lëscht vu menacéierte Sprooche. Dozou géif et awer kee Grond ginn, Lëtzebuergesch gëtt nämlech souvill geschwat wéi nach ni.

Bal 400.000 Léit weltwäit schwätze Lëtzebuergesch. Net vill am Verglach zu Englesch oder Chinesesch. Trotzdeem gesinn hei am Land vill Léit Lëtzebuergesch als hier Mammesprooch un. Enger eelerer Etüd no wier d'Lëtzebuerger Mammesprooch awer d'Méisproochegkeet.

De Luc Marteling vum Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch: "Am Fong ass et eng géigesäiteg Beräicherung an et ass am Fong och flott, dass et déi vill Sprooche gëtt an ech mengen dass dat och de Sënn vun deem Dag ass. Et geet net drëm, eng Sprooch iwwert eng aner ze hiewen, mee ze weisen: déi ganz Sproochelandschaft ass multikulturell, déi ass divers, déi ass faarweg, déi ass net an eng Richtung."

Ma trotz de Virdeeler vun der Méisproochegkeet, gëtt Lëtzebuergesch net vergiess. Sou hätt een um Site vum Lëtzebuerger Online-Dictionnaire gesinn, dass ëmmer méi Léit sech fir d'Orthografie, awer och fir al Lëtzebuerger Wieder interesséieren: "Ech mengen, dass et zu Lëtzebuerg nach vill Mammesproochler gëtt, déi Lëtzebuergesch als éischt Sprooch hunn. Ech mengen och, dass eng grouss Nofro do ass. Déi eng Leit, déi hei sinn, kréien d'Sprooch mat op de Wee duerch hier Sozialisatioun an da gëtt et och eng grouss Nofro vu Leit, déi d'Sprooch wëlle léieren."

Dass d’Nofro klëmmt, konnt een och bei Prolingua observéieren. Si bidde Sprooch-Coursen a 10 verschiddene Sproochen un. Déi lescht Jore gouf et e klore Gewënner. De Fernand Wolter, Direkter vu Zenter Prolingua: "Virun e puer Joer war et esou, dass Franséisch, Englesch an Däitsch ons Haaptsprooche waren, déi fir de Business gebraucht gi sinn, d’Franséisch fir d'Sozialkommunikatioun hei zu Lëtzebuerg, mee entre-temps huet sech dat awer elo geännert. Lëtzebuergesch huet den anere Sproochen de Rang voll ofgelaf, heescht Lëtzebuergesch ass "déi" Sprooch, déi bei eis am Zentrum gefrot gëtt."

Natierlech ginn et Leit, déi einfach Loscht hunn, d'Sprooch ze léieren. Et gëtt awer och en anere Grond, dass den Interessi un Lëtzebuergesch-Course klëmmt.

Naouelle Tir, d'Directrice Adjointe vu Prolingua: "Je pense que c’est aussi beaucoup lié à la nationalité. Depuis 2017 la loi a changé. Donc maintenant quelqu’un qui a 20 ans de vie au Luxemburg peut prendre la nationalité Luxembourgeoise en prenant 24 heures de cours. Et puis pour les gens qui ont 5 ans de vie au Luxemburg, il y a le Sproochentest."

Zanter der Pandemie hu manner Léit sech an d’Sprooch-Coursen ageschriwwen, ma eleng bei Prolingua 3.500 Léit zanter 2019 Lëtzebuergesch geléiert. Domadder wier ee ganz zefridden.