"Op eemol war alles anescht" - dat ass d'Leitmotiv vun der digitaler Oktav 2021, déi bis de 9.Mee dauert.

Den traditionelle Mäertche fält dëst Joer Pandemiebedéngt nees aus. Et gëtt awer eng Première, mam Milly Hellers ass déi Kéier nämlech eng Fra Oktav-Priedegerin. Eng Decisioun, déi de Kardinol Jean-Claude Hollerich d'lescht Joer am Summer geholl hat. E Méindeg wäert d'Milly Hellers eng éischte Kéier an der Oktav d'Wuert ergräifen.

Am Juli d'lescht Joer hat der haut 62 Joer aler Fra hiren Handy geschellt. Op där anerer Säit vun der Strëpp war de Kardinol Jean-Claude Hollerich.

Zanter 1987 ass d'Milly Hellers an der Kierch aktiv. Si schafft als Pastoral-Referentin an der Por Kordall Sainte-Barbe. Do virdrunner huet d'Oktav-Priedegerin 6 Joer op enger Bank geschafft.

11 Texter huet d'Milly Hellers fir d'Oktavzäit preparéiert. Thema: "Op eemol war alles anescht".

Des Priedegte wäert d'Milly Hellers wärend der Andacht um 16 Auer an der Kathedral virdroen. All Kéieres vu Méindes bis Freides. Ausserdeem den 1. Mee um 15 Auer.