Wéi et vun Insider heescht, hätt den Designer 3 Woche géint de Covid gekämpft, éier hie gestuerwen ass.

Ënner anerem huet den Elbaz a senger Karriär fir déi franséisch Mark "Lanvin" geschafft, déi duerch seng Designs nees zur aler Stäerkt zeréckfonnt huet, awer och fir Guy Laroche an Yves Saint Laurent. Et war dann de Chef vu Richemont, bei deem den Elbaz fir d'Lescht ugestallt war, deen den Doud confirméiert huet.

14 Joer laang huet den Israeli, deen am Marokko gebuer ass, fir Lavin geschafft an déi eelste Franséische Couture-Mark reforméiert, andeem hie klassesch Kleeder entworf huet, déi awer dat gewëssent, verspillt "Eppes" haten.