
Eng Iwwerraschung vum HC Standard sollt ausbleiwen a sou steet den HB Diddeleng fir d'zweet Kéier noeneen an der Finall vun der Coupe de Luxembourg. Diddeleng kann eng weider Kéier op den éischte Coupegewënn zënter 2013 hoffen.
De Standard hat de Start an de Match komplett ratéiert. D'Stater hunn 20 Minutte gebraucht, fir zwee Goler ze schéissen. Dorun huet och de fréien Timeout vun hirem spueneschen Trainer Lucas Duane näischt geännert. Vläicht war d'Opreegung, iwwerhaapt eng éischt Kéier an engem Final4 an an engem ongewinnten Ëmfeld ze spillen, awer ze grouss.
Diddeleng war vun Ufank op der Héicht an huet dem Aussesäiter mat engem 10:1-Laf fréi de Stecker gezunn. Wie gehofft hat, dass dem Zédin Zuzo seng éischt Parad an der 12. Minutt de Startschoss fir eng Ophueljuegd vum Standard géif ginn, gouf séier enttäuscht. Eng staark Diddelenger Defense an e gutt opgeluechte Mika Herrmann am Gol hunn dozou bäigedroen, genee wéi eng Rëtsch technesch Feeler vun de Stater.
Nom schlechte Start koum de Standard nom zweete Gol besser an de Match, well Diddeleng de Kader no 20 Minutte schonn dréine loosse konnt - wat hinnen an der Finall e Samschdeg sécher e Virdeel verschaaft. Ënner anerem de Fynn Köller, deen extra fir déi zwee Matcher vu sengem Aarbechtsopenthalt aus Südamerika ageflu gouf, duerft vill Spillminutte sammelen. Virun allem de Miha Pucnik huet op Stater Säit Verantwortung iwwerholl an huet seng Matspiller matgerappt. De Standard konnt déi lescht 10 Minutte mat 5 zu 4 Goler souguer fir sech entscheeden, sou goung et mat 15:8 aus Diddelenger Siicht an d'Kabinnen.
Nom Säitewiessel huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gebueden. Déi bescht Attack aus dem Championnat huet de Standard net erukomme gelooss an d'Avance bei 9-10 Goler gehalen. Dem Standard blouf de Pech bei den Aluminiumstreffer trei. Wann dës Schëss dobanne gewiescht wieren, wär de Match definitiv méi enk bliwwen.
De Standard huet duerno an der Persoun vum Massard-Chenet e wichtege Spiller verluer. Eelef Minutte viru Schluss ass hien ouni géigneresch Awierkung ausgerëtscht an huet sech schwéier um Knéi blesséiert. Et ass seng zweet Blessur nom Rass vun der Achillesseen, vun deem hie sech eréischt viru Kuerzem erholl hat. No der minuttelaanger Ënnerbriechung gouf de Match weidergespillt, mee un der Avance sollt sech net méi vill änneren.
D'FLH hat bei dëser Editioun vum Final4 eng éischt Kéier d'Spectateuren iwwer den MVP ofstëmme gelooss. D'Wiel vun den Zuschauer doheem an enger Jury sur place ass op de Mika Herrmann gefall.
E Freideg stinn d'Halleffinalle vun den Dammen um Programm. Um 18:30 Auer trëfft Diddeleng op d'Red Boys Déifferdeng an duerno spille Käerjeng an de Museldall ëm den zweeten Ticket fir d'Finall.