Zënter 1992 gëtt de Prix Servais verdeelt an éiert domadder dat bedeitendst literarescht Wierk vum vergaangene Joer.

"Wie viele faden tief" vun der Schrëftstellerin Ulrike Bail kritt dëst Joer de Servais-Präis. Zënter 1992 gëtt all Joers dat "wichtegst Buch vum Joer" mat dësem Literatur-Präis ausgezeechent.

Domat konnt sech d'Ulrike Bail mat hirem Wierk géint 4 aner Konkurrenten duerchsetzen, déi och op der Short-List waren.

D'Jury ënnert der Presidence vum Jeanne Glesener seet zum Lyrik-Band vun der Ulrike Bail, datt d'Iddie fir d'Néi-Konscht als Lien zum Alldag an de 50 entspriechende Gedichter ze maachen, d'Originalitéit vun dësem Wierk géif ausmaachen. Duerch d'Liesen vun de Gedichter géifen d'Lieser opgefuedert, sech mat der dichterescher Sprooch vun der Autrice auserneen ze setzen, eng Sprooch, déi innovativ wier.

Fir d'Manuskript vun hirem Gedichtband "statt einer ankunft" krut d'Ulrike Bail zejoert den éischte Präis am nationale Literaturconcours.

An hirer leschter Publikatioun beschäftegt d'Dichterin sech mam speziellen Thema vum Bitzen... Wéi se op d’Iddi dozou koum, huet se eis am Interview erzielt.

D'Ulrike Bail am Interview

Och wann een net bitze kann: am deegleche Liewen benotze mir alleguer eng Hellewull Wierder, déi mam Bitzen ze dinn hunn. D'Thema zitt sech souzesoen wéi e roude Fuedem duerch d'Liewen an och duerch dëse Gedichtband vun der Ulrike Bail.

Eng Buchkritik an e kompletten Interview mat der Autrice Ulrike Bail fannt dier am RTL-Replay. De Servais-Präis kritt d'Ulrike Bail den 13. Juli iwwerreecht.

Zejoert war dee Präis fir de Francis Kirps.