Déi lëtzebuergesch Kolonialgeschicht gëtt net genuch ugeschwat. Dat fannen Richtung22 a Lëtz Rise Up.

Déi Lëtzebuerger Kolonialgeschicht / Rep. Monica Camposeo

Mat engem geféierten Tour duerch d'Haaptstad wëllen déi zwou Organisatiounen op genee dësen Aspekt vun der Lëtzebuergescher Vergaangenheet opmierksam maachen. D'Monica Camposeo huet sech d'Spuere vun eiser Kolonialgeschicht uechter d'Stad weise gelooss.

Mir sti virun der Villa Louvigny, op der Säit vum Park, wou och d'Spillplaz ass. Virum Gelänner ass eng Informatiounstafel, op där drop steet, wat schonn alles an der Villa Louvigny war. Aktuell jo ass de Santésministère an deem Gebai. "Am 20. Joerhonnert war d'Villa Louvigny eng Plaz, wou Feieren organiséiert goufen an och Spektakelen. Am Joer 1900 gouf hei e ganz spezielle Spektakel gewisen, nämlech eng Mënschen-Ausstellung mam Titel "L'exposition et spectacle des Amazones du Dahomey". 53 Persounen, Fraen, Kanner a Männer, sinn souzesoen opgetrueden. Haut nennt een esou Opféierungen "Mënschlechen Zoo". An dobäi geet et dorëms, net-wäiss Mënschen, déi aus de Kolonien kommen, auszestellen, fir dass Europäer kënne kucke kommen, wéi déi Leit liewen."

D'Sandrine Gashonga vu Lëtz Rise Up erkläert, dass wäiss Europäer sech esou Spektakele vu "Mënschlechen Zooen" ugekuckt hunn. Op der Informatiounstafel virun der Villa Louvigny steet zwar ënnert anerem, dass RTL och mol an deem Gebai war, ma vun der kolonialer Vergaangenheet liest een awer näischt:

"Eis Demarche ass et, ebe genee esou Saachen visibel ze maachen. A mir fuerderen och, dass d'Autoritéiten op esou Saachen opmierksam maachen, dass se erkläert ginn an dass dës Geschicht och bekannt gëtt. A mir hoffen, dat duerch eis Touren ze erreechen."

Iwwert ee Joer laang hu Lëtz Rise Up a Richtung22 zesummegeschafft a recherchéiert, fir elo Touren am Kader vun der Campagne "Lëtzebuerg dekoloniséieren!" kënnen unzebidden. Den Interessi schéngt grouss, fir dëse Weekend sinn d'Visites Guidéen an deenen dräi Sprooche Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch schonn ausgebucht.

"Mir stinn elo beim Arrêt Charlie's Gare, wou den Tram fiert a fréier d'Schmuelspuerbunn gefuer ass. Spéider ass déi Bunn haaptsächlech wéinst dem Lidd "De Jhangli fiert den Houwald erop" populär ginn. Manner bekannt ass awer déi rassistesch Stroph an deem Lidd."

Déi rassistesch Stroph an deem Lidd, an där och d'N-Wuert benotzt gëtt, ass deene mannste bekannt. Fir d'Gabrielle Taillefert vu Richtung22 gëtt d'Kolonialgeschicht hei am Land net genuch opgeschafft.

"Ech mengen och net, dass d'Léisung ass, et ganz ewech ze loossen. Ech mengen d'Léisung ass et grad, ze kontextualiséieren an ze soen, dass et existéiert huet. Well et einfach net ze erwänen, mécht d'Saach och net méi visibel. An halt soen, wéisou et net Ok ass, dat matzesangen."

Dass Lëtzebuerg genee wéi aner europäesch Länner eng kolonial Vergaangenheet huet, ass onbestridden. An hirem Tour weisen Lëtz Rise Up a Richtung22 mam Fanger souwuel op staatlech Institutiounen, wéi och op privat Entreprisen.

"Den Diadem vun der groussherzoglecher Famill kënnt aus dem belsche Kongo an d'Monarchie huet sech dofir nach ni excuséiert. Dat ass och eng vun eise Fuerderungen, mir hätte gären ëffentlech Excusen."

Mat Excusen ass et fir déi zwou Organisatiounen awer net gedoen. Si fuerderen, dass méi zu deem Thema gefuerscht gëtt an d'Kolonialgeschicht och wierklech opgeschafft gëtt. D'Sandrine Gashonga vu Lëtz Rise Up:

"D'Kolonialgeschicht soll opgeschafft ginn. Mir fuerderen och, dass et op der Uni Lëtzebuerg e ganzt Departement dozou soll ginn an net nëmmen eng Plaz fir en Doktorand, wéi et elo ass. Respektiv wéi et eréischt am Joer 2020 entscheet gouf. Ausserdeem muss och d'Finanzplaz duerchliicht ginn."

Duerch d'Recherchen an d'Campagne "Lëtzebuerg dekoloniséieren!" soll en ëffentlechen Debat lancéiert ginn. Am Summer wëlle Richtung22 a Lëtz Rise Up hir Visite Guidée och als Audio Walk erausbréngen. Mat enger Applikatioun kann da jiddereen a sengem eegene Rhythmus déi lëtzebuergesch Kolonialgeschicht entdecken.