
D’Eurovisioun bleift bei ville Fans e Publikumsmagnéit. Fir d’Editioun 2026 zu Wien goufen am Ganze 95.000 Tickete fir néng Shows verkaaf, u Fans aus 75 Länner. Bal d’Hallschent vun den Tickete goufen am Ausland kaaft, wat den internationale Charakter vum Concours ënnersträicht.
Nieft europäesche Länner komme vill Fans och vu méi wäit ewech, ënner anerem aus den USA, Australien, Brasilien oder Japan.
De 70. Eurovision Song Contest ass vum 11. bis de 16. Mee an der Wiener Stadthalle. Lëtzebuerg ass de 14. Mee an der Halleffinall.