
De Carlo Blum iwwerhëlt beim CNA als Direkter faisant fonction. Den aktuellen Adjoint vum Direkter an der Nationalbibliothéik wäert d'Geschécker vum Centre national de l'audiovisuel fir d'Period vum 1. Mee bis den 31. Oktober leeden. Bis dohi soll en neien Direkter respektiv eng nei Direktesch fonnt gi sinn. Dat mellt de Kulturministère haut.
De Carlo Blum ass zanter dem Joer 2000 bei der BnL. Hien huet do informatesch Prozesser entaméiert, fir de Patrimoine och mat Hëllef vun Technologie ze archivéieren. Mat der Erfarung wär hien de richtege Mann fir den CNA weider ze entwéckelen, esou d'Argumentatioun vun der Regierung. Hie soll och enk mat der Commission d'accompagnement zesummeschaffen, déi kontrolléiert, dass den CNA seng Missiounen erfëllt. Rezent hat den Gilles Zeimet jo als CNA-Direkter demissionéiert. Dat an der Suite vu schaarfer Kritik um Kulturinstitut.