D’Expo hätt jo schonns sollen d’lescht Joer sinn, ma wéinst Corona gouf se wéi sou villes verréckelt. Ma e Freiden ass et da souwäit. An da wäerten d’Visiteuren zu Dubai sech och e Bild vu Lëtzebuerg kënne maachen. Well da wäert och de Lëtzebuerger Pavillon mat sengem eenzegaartege Konzept prett sinn an d’Gäscht op eng Rees an de Grand-Duché mathuelen. Och op eng gastronomesch. An der “Schengen Lounge” wäert de Lëtzebuerger Stärekach Kim Kevin De Dood zesumme mat enger Ekipp vun 32 Schüler aus der Hotelsschoul vun Dikrech Spezialitéite vun heiheem ubidden.
Mir huelen Iech mat op Dubai, ginn en éischten, exklusiven Abléck an de Lëtzebuerger Pavillon a weisen Iech, wéi dat gastronomescht Konzept organiséiert gouf.