An der Kategorie "bescht weiblech Haaptroll" gëtt et eng Nominatioun fir d'Lëtzebuerger Actrice, dat fir hir Roll am Film "Serre moi fort".

D'Vicky Krieps ass fir e César nominéiert ginn an der Kategorie vun der beschter weiblecher Haaptroll. Dat fir hir Prestatioun am Film "Serre moi fort" vum franséische Regisseur Mathieu Amalric, deen d'lescht Joer zu Cannes fir d'éischt gewise gouf. D'Lëtzebuergerin spillt hei eng Mamm vun zwee Kanner, déi sech op ee Mol vun hirer Famill distanzéiert. Et ass der Vicky Krieps hir éischt Nominatioun fir e César. D’Zeremonie ass de 25. Februar.