D'Lëtzebuerger Memoire plënnert an de Süde vum Land. Wann alles riicht leeft, steet d'Nationalarchiv an dräi Joer um neie Site.

De Belval zu Esch wiisst weider. Den éischte Spuedestéch fir dat neit Nationalarchiv ass gemaach. Domat gëtt een de Besoine fir historesch, wëssenschaftlech oder kulturell Dokumenter richteg ze konservéieren, elo gerecht. De Responsabele fält e Steen vum Häerz.

Am Haaptgebai, der fréierer Kasär um Helleg-Geescht-Platto, ass nämlech einfach net méi genuch Plaz. D'Konditiounen, fir op Dokumenter opzepassen, déi deels bis an dat 7. Joerhonnert zeréckginn, sinn aktuell net ideal. Se sinn opgedeelt op fënnef Sitten. Improviséiert Archivraim, erkläert d'Directrice Josée Kirps.

„Sief et am Parking vum Hellege Geescht, sief et an engem Bürosgebai. Mir hate jo och scho méi dacks Iwwerschwemmungen oder Problemer mat der Fiichtegkeet. Eis Leit sinn op 3 verschiddene Sitte verspreet. Dat ass alles net evident ze geréieren."

Wéinst den Aarbechten um Helleg-Geescht-Platto dierft d'Plënneraktioun zimmlech ëmständlech ginn. Mee wann alles riicht leeft, ass d'Lëtzebuerger Memoire a 36 Méint nees regroupéiert an engem Gebai. An zwar um Belval. E Choix, deen d'Kulturministesch Sam Tanson net bereit.

„Et sinn ëmmer erëm Alternativen diskutéiert ginn. Ech fannen deen hei Site super. En ass gutt accessibel an no bei der Uni."

Eng Proximitéit, déi de Chercheuren déi d'Lëtzebuerger Geschicht verstoen, an an en aktuelle Kontext setze wëllen, natierlech entgéintkënnt.

Neit Nationalarchiv / Rep. Pierre Jans

50 Persoune schaffen aktuell an den Archiven. An deene leschte Jore waren 13 Leit dobäi komm. Dat neit Gebai kascht gutt 77 Milliounen Euro. Technik, fir verschidden al Materialer ze lageren, huet säi Präis, erkläert de Josée Kirps:

„Deemno wat mir lageren, hu mir verschidden Temperaturen. Wann ee Fotoen huet, brauch een aner Temperaturen ewéi beim Pabeier. Am neie Gebai hu mir déi lescht Standarden."

Och ekologesch wäert d'Gebai um neiste Stand sinn. Et produzéiert méi Energie ewéi et der verbraucht, erkläert de Bauteminister François Bausch.

„Fir dass mir dat konnte maachen, hu mir ronderëm d'Struktur aus Bëtong eng immens Hüls geplangt. Mir hunn net nëmmen Sonnepanneauen um Dag, mä och ronderëm d'Fassad. Zousätzlech ass nach Geothermie am Spill."

D'Kombinatioun mécht et aus. Enn Mäerz sollen d'Baggere rullen.