Virum Londoner Geriicht hu sech de brittesche Popstar an zwee Songwriter ëm d'Rechter vum Lidd "Shape of You" gestridden.

Den Ed Sheeran krut virgeworf, Deeler vun der Melodie vun engem anere Lidd plagiéiert ze hunn. Wéi de Riichter Antony Zacaroli sot, hätt den 31 Joer ale Popstar weder "express nach onbewosst" Deeler vun "Oh Why" iwwerholl. Dat haten d'Museker Sami Chokri a Ross O'Donoghue dem Ed Sheeran allerdéngs reprochéiert.

Ouni Zweiwel wier hien "immens talentéiert", e "Genie", awer heiansdo wier hien och eng "Kréi", sou den Affekot vun de Museker Sami Chokri a Ross O'Donoghue. Hie géing sech fir seng Lidder Iddie vun anere Museker ausléinen an dat dann ofstreiden.

Uschëllegungen, déi den Ed Sheeran a seng zwee Co-Songwriter Steven McCutcheon an John McDaid net wollten op sech sëtze loossen. Fir ze beleeën, datt d'Reprochen net stëmmen, huet de Britt och viru Geriicht gesongen a Melodië viru sech hi gesummt.

"Shape of You" huet den Ed Sheeran zesumme mam Steven McCutcheon an John McDaid komponéiert an 2017 verëffentlecht. Dëse Song gëllt als säi bis ewell gréisste musikaleschen Erfolleg a gouf iwwer 3 Milliarde Mol op Spotify gestreamt.