Filmfestival vu CannesVicky Krieps gëtt als bescht Actrice ausgezeechent

Tom Dockal
D'Lëtzebuerger Actrice huet an der Kategorie "Un certain regard" ofgeraumt. Si gouf fir hir Roll als Keeserin "Sissi" am Film "Corsage" priméiert.
© CHRISTOPHE SIMON / AFP

Ier e Samschdeg mat der traditioneller Präisiwwerreechung d’Gëlle Palm verdeelt gëtt, sinn e Freideg den Owend an der zweeter offizieller Selektioun “Un certain regard” Filmer ausgezeechent ginn. Déi vum Valeria Golino presidéierter Jury huet de franséische Film “Les pires” vun de Realisatrice Lise Akoka a Romane Gueret mam Prix “Un Certain Regard” priméiert.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Palmarès vum Certain Regard interessant. D’Actrice Vicky Krieps huet fir hir Prestatioun als Keeserin Elisabeth am revitionistesche Kostümfilm “Corsage” vum Marie Kreutzer de “Prix de la meilleure performance” gewonnen. D’Samsa-Koproduktioun duerf sech awer net eleng freeën. De franséischen Acteur Adam Bessa krut fir seng Haaptroll am vun Tarantula matproduzéierte Film “Harka” de Präis fir de beschten Duersteller.

De Präis vum “Best Sound” goung un d’Tounekipp vum Film “Corsage”.

De komplette Palmarès vun der Selektioun Un Certain Regard:

Prix Un Certain Regard
“Les pires” vum Lise Akoka a Romane Gueret Prix du jury
“Joyland” vum Saim Sadique

Prix de la mise en scène
Realisateur Alexandru Belc a säi Film “Metronom”

Prix de la meilleure performance ex-aequo
Vicky Krieps am Film “Corsage”
Adam Bessa am Film “Harka”

Prix du meilleure scénario
“Mediterranean Fever” vum Maha Haj

Coup de coeur du jury
Film “Rodéo” vum Lola Quivoron

De Jury “Un Certain Regard” huet bestanen aus der Actrice Valeria Golino (Presidentin), der Realisatrice Debra Granik, de Schauspiller Joanna Kulig an Edgar Ramirez an dem Museker Benjamin Biolay.

Trailer “Corsage”

Back to Top
CIM LOGO