Den Hellegen Willibrord ass jo sou ze soen en "adoptéierten" Lëtzebuerger National-Hellegen.

A senger irescher Heemescht war parallel zum Ufank vun der Willibrordus-Oktav zu Iechternach e Biennale-Virtrag iwwer d’Wierken vum Missionär vum Dokter Michel Summer. Et goung ëm dem Willibrord seng Wierker am Europäesche Kontext.

Hellege Willibrord / Reportage Julie Frisch

Zu Lëtzebuerg kennt een den Uerdensmann haaptsächlech als Grënner vun der Abtei zu Iechternach. Wat vill Leit net wëssen, ass dass de Willibrord 12 Joer laang am Klouschter "Rath Melsigi" an Irland gelieft huet an do zum Geeschtlechen geweit gouf, éier hien um Kontinent als Missionär aktiv gouf. Et ass dann och an der Kathedral vun "Old Leighlin", wou den Exposé um Namensdag vum Willibrord war. De Michel Summer erkläert:

"Et ass elo déi drëtte Kéier, datt de Virtrag an der Kierch zu Old Leighlin stattfënnt. Viru genau 40 Joer ass de Site identifizéiert ginn als déi Plaz, wou d'Klouschter war, an deem de Willibrord gelieft huet. Och wann d'Klouschter net méi existéiert, wësse mer dat doniewent schonn am 700 Joerhonnert eng Kierch existéiert huet an dat war déi Kierch zu Old Leighlin, wou elo déi heite Kathedral aus dem 12 Joerhonnert steet. Dofir louch et no, dat Event hei hin ze verleeën."

D’Connectiounen tëscht dem County Carlow, wou d’Kathedral steet, an Iechternach si viru 40 Joer duerch dem Professor Ó Cróinín säi Wierk fonnt ginn. 2019 gouf e Frëndschaftsvertrag tëscht Carlow an Iechternach ënnerzeechent an d’Relatioune goufe weider ausgebaut, seet de Michel Summer.

De Lëtzebuerger, dee säin Doktorat iwwer de Willibrord um Trinity College Dublin gemaach huet, schafft den Ament op der Uni zu Heidelberg. An sengem Virtrag huet hien ënner anerem betount, et wier immens wichteg, d'Sourcen iwwer de Willibrord an hirem politesche Kontext ze betruechten an dass den Uerdensmann de Beweis ass, dass et och am Mëttelalter schonn esou eppes wéi en "europäesche Geescht" gouf.

"De Willibrord gëtt oft als iresche Bëschof bezeechent. Dat stëmmt net ganz: Hien ass an England gebuer. Mä hien huet säi Wee iwwer Irland, Friesland, d'Fränkescht Räich, do wou Iechternach gegrënnt ginn ass, bis op Roum gefouert. Natierlech war säin Europa net eist Europa, mee et weist awer, datt eis Virstellung vun där Zäit als däischtert Zäitalter net stëmmt. D'Leit waren och deemools schonn immens connectéiert, si wäit gereest an haten e wäite geographeschen Horizont. Dofir ass de Michel Summer der Meenung, datt de Willibrord eng wichteg Figur ass, fir dat fréimëttelalterlecht Europa ze verstoen."

No senger Missioun am 8. Joerhonnert a Friesland, huet de Willibrord d’Klouschter zu Iechternach gegrënnt, wou hien am Joer 739 verscheet ass. Bei säi Graf pilgeren all Joer op Päischtdënschdeg dausenden Gleeweger fir d'Sprangprozessioun.