De Jean-Baptiste (Batty) Weber gouf de 25. November 1860 zu Rëmeleng gebuer an huet sech zu Liefzäiten als Schrëftsteller a Journalist ee Numm gemaach, iert en de 15. Dezember 1940 an der Stad gestuerwen ass. Méi wéi 7.000 Wierker huet de Batty Weber tëschent 1913 an 1940 verfaasst a war virun allem fir säin ëmstriddenen Aufsatz iwwert d’"Mischkultur” zu Lëtzebuerg oder och seng Feuilletonserie Abreißkalender an der Luxemburger Zeitung bekannt. Hien ass ee vun de gréisste Lëtzebuerger Auteuren, no deem ënnert anerem de Batty-Weber-Präis an eng sëlleg Stroosse benannt sinn.
Am CNL zu Miersch, dem Nationale Literaturarchiv, ass dem Batty Weber säin ale Schreifdësch normalerweis ënnerbruecht an do soll en no der Restauratioun och nees hikommen. Wéi d’Direktesch vum CNL, Nathalie Jacoby, seet, koum de Schreifdësch viru ronn 26 Joer bei si an d’Haus.
“De Schreifdësch ass am Joer 2000 an den CNL komm an zwar hu mir en ugebuede kritt vun der Famill vum Batty Weber. Déi sinn dee Moment an d’Ausland geplënnert, déi Leit, déi de Schreifdësch haten a mir haten dunn d’Méiglechkeet, dee Schreifdësch ze kafen.”
Den Ament befënnt sech dësen awer nach zu Housen an der Schräiner Dohm, déi d’Éier hat dëst Stéck kulturell Geschicht nees zu neiem Liewen ze erwächen. Si hunn och net laang op sech waarde gelooss. D’Restauratioun war méi séier ofgeschloss, wéi geplangt an huet just e puer Méint gedauert, erzielt d’Nathalie Jacoby.
“Et ass vill méi séier gaange, wéi mer gemengt haten. Dat ass ganz ganz schéin. An de Büro ass elo och scho fäerdeg. Mir sinn immens frou, dass dat elo esou flott gaangen ass. (...) Et war eis wichteg, dass et e lëtzebuergesche Betrib ass a mir hunn och eng Rei vun Devisen ugefrot bei verschiddene Plazen, hunn eis du fir d’Menuiserie Dohm zu Housen entscheet an déi hunn elo eng ganz ganz schéin Aarbecht gemaach an et ass einfach flott och, denken ech, mat engem Lëtzebuerger Schräiner-Betrib zesummen ze schaffen.”
De Grond, wisou de Schreifdësch iwwerhaapt huet misse restauréiert ginn, waren d’Iwwerschwemmungen, déi am Joer 2021 e Groussdeel vun de Bestänn am Literaturarchiv beschiedegt haten. Dorënner eben och dem Batty Weber säi Schreifdësch, deen zwar net all ze vill betraff war, ma awer elo vun enger Restauratioun profitéiert, well den CNL an de kommende Joren eng nei Ausstellung iwwert Lëtzebuerger Literatur plangt an de Schreifdësch dofir souwisou wollt an d’Rei bréngen. Bei der Restauratioun gouf awer och opgepasst, dass den neie Schreifdësch senger Geschicht an dem Alter trei bleift.
“Mir hu schonn zwar och opgepasst, dass en elo net iwwerrestauréiert gëtt. Dat ass en ale Miwwel an dat soll, wéi en ale Miwwel, mat senger ganzer Geschicht natierlech wierken, mee e gëtt awer elo esou, dass en erëm och gewise ka ginn.”
Fir d’Restauratioun vum Schreifdësch ze finanzéieren, hat de FOCUNA, de Fonds Culturel National Luxembourg, am Dezember e Crowdfunding an d’Liewe geruff. Wéi de President vum FOCUNA, de Jo Kox, erkläert, ass dëst eng vun den Haaptaufgabe vum Fonds Culturel.
“De Fond Culturel ass jo viru 44 Joer an d’Liewe geruff ginn, fir notamment eise Kulturinstituter ze erméiglechen, bei private Leit, bei private Betriber eben och no Sue sichen ze goen, als Messenatentum an et ass awer net um Fonds Culturel, Objeten erauszesichen oder Institutiounen erauszesichen, fir déi ee wëll gär eng Aktioun maachen. Et sinn d’Institutioune selwer, déi eng Opportunitéit fonnt hunn, fir ze soen: hei ass en Objet, deen ech gär wëll kafen. (...) Dëst Joer ass dann den CNL un de Fonds Culturel erugetrueden, fir ze soen: mir hunn e ganz interessante Projet, solle mer do net zesummen déi Aktioun lancéieren? Dofir, d’Responsabilitéit vum Choix läit bei der Institutioun selwer.”
Et ass esou, dass de Miwwel, och wann en e wichtegen Deel vum Lëtzebuerger Kulturierwen duerstellt, offiziell net als Patrimoine agedroen ass. D’Patrimoinesgesetz, wat zënter 2022 besteet, erméiglecht et dem Staat, kulturell Objete schützen ze loossen an hir Erhalung, zum Beispill duerch eng Restauratioun, ze finanzéieren. Allerdéngs muss dofir eng extra Demande erageschéckt ginn, erkläert de Kulturminister, Eric Thill a well dat beim Schreifdësch vum Batty Weber net de Fall war, gouf d’Restauratioun och net vum Staat iwwerholl.
“Mir hu mat deem neie Gesetz, deem éischte Patrimoinesgesetz vum Februar 2022, jo fir d’éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg eben d’Chance, fir national schützen ze loossen. Dat ass eng Kéier d’Architektur, dat ass eng Kéier d’Archeologie an eben och de Mobilier an do ass eben de Schreifdësch vum Batty Weber e flott Beispill, wou een eben och an Zukunft esou en Objet, deen awer e Stéck, soen ech emol, Patrimoine och duerstellt, dee kéint een iwwert dat Gesetz dann och national schütze loossen. Do ass et awer esou, dass eng Demande vu baussen, vun enger drëtter Persoun ebe muss era kommen an da kann de Kulturministère eben esou en Objet, deen dann eben e gewëssene Patrimoine vun der Lëtzebuerger Kultur dann och duerstellt, dee kann dann iwwert dat Gesetz och geschützt ginn.”
Fir d’Restauratioun vum Schreifdësch also trotzdeem ze finanzéieren an dëst kulturellt Iewen ze erhalen, huet de FOCUNA am Dezember 2025 e Crowd Funding gestart. Et hätt ee sech zesumme mam CNL eng Zomm vu 25.000 Euro als Zil gesat, well een nach net genee wosst, wéi vill d’Restauratioun kaschte géing. Fir de Schreifdësch ware relativ schnell genuch Donen zesummekomm. Alles, wat elo nach iwwereg ass, esou de Jo Kox, steet och dem CNL zur Verfügung.
“All déi Donen, déi dann iwwert de Fonds Culturel transitéieren, stelle mir en Certificat de déductibilité fiscale aus an déi Suen, déi ginn integral, mir huelen eis keng Kommissioun, keng Provisioun, déi Sue ginn integral esou, wéi se iwwerwise ginn un d’Institutioun weider, fir deen Objet kënnen dann eben ze restauréieren, respektiv anzekafen. Déi Campagne gëtt esou laang lafe gelooss, bis e gewëssene Montant, deen d’Institutioun am Viraus ons matdeelt, erreecht ass an dann, wa se méi kréien, da kënnen déi Suen erëm investéiert ginn an e similaire Projet.”
Wéi den Eric Thill ausserdeem betount, géif et natierlech keng Obligatioun ginn, fir bei esou engem Crowdfunding matzemaachen an et wier och net esou, dass dës organiséiert ginn, well de Budget vum Kulturministère net duer geet. D’Leit géifen och net an der Responsabilitéit fir d’Erhalung vun der Kultur zu Lëtzebuerg stoen. Esou Crowdfunding-Projete wéi beim Batty Weber sengem Schreifdësch oder an der Vergaangenheet bei der Risebibel an der Nationalbibliothéik oder dem Bild Le Champion (1932) vum Joseph Kutter am Nationalmusée wieren eleng dofir do, fir dass déi Leit, déi sech gären un der Kultur bedeelege wëllen an houfreg drop sinn, en Don ze maachen, dat och maache kënnen, ma wann dat awer net de Fall wier, géif e Projet net einfach fale gelooss ginn, esou de Minister.
“Wann et zu Fäll géif kommen, wou d’Donatioun net géif duer goen iwwert de FOCUNA, da si natierlech de Staat an de Kulturministère an der Responsabilitéit, fir da finanziell eng Hand mat unzepaken, wéi mer dat natierlech bei der Risebibel gemaach hu, wou e klenge Brochdeel ebe vun de Leit iwwert de Crowdfunding, iwwert Donatiounen erakomm ass, mee wou natierlech bei gewëssenen Envergurë vu gréissere Montanten, de Staat an de Kulturministère an der Responsabilitéit sinn. Dat heescht, et ass net deen ee géint deen aneren, mee et ass en Zesummespill, wou mer Méiglechkeeten de Leit wëlle mat op de Wee gi, falls se interesséiert sinn, sech eben am kulturelle Patrimoine dann och mat ze bedeelegen.”
Et wieren erstaunlech vill Leit zu Lëtzebuerg, déi bei esou Initiativen e kulturellt Engagement weisen a sech aktiv um Lëtzebuerger Kulturierwe bedeelegen an dat géif de Kulturminister besonnesch freeën. Oft gëtt jo dovu geschwat, dass sech ëmmer manner Leit un der Kultur interesséieren a bedeelegen. De Crowdfunding weist awer, dass dëst net onbedéngt de Fall ass an et eng Rei Leit zu Lëtzebuerg gëtt, déi och an Zäite vun Inflatioun a politeschen Onrouen an Europa gären en Don fir d‘Kultur maachen.
„Mir mierken awer, dass ganz vill Leit aus ganz verschiddene Regioune vum Land, mat ganz verschiddenen Nationalitéiten, Backgrounden och, bei esou Projete participéieren. Do si Leit, déi maachen Donatioune vu puer Euro. Et si Leit, déi méi Euroen als Donatioun mat op de Wee ginn. Dat heescht, do ass de Wëllen, deen zielt, den Interessi, deen zielt. (...) Bei dësem Projet vum Dësch vum Batty Weber ass d’Moyenne vun der Donatioun bei 85 Euro, déi d’Leit mat op de Wee ginn hunn, aus ganz verschiddene Bezierker, mat ganz verschiddene Backgrounden och, wat ganz interessant ass, sou dass dat awer weist, dass déi Approche do ganz interessant ass an dass ganz vill Leit eben och dorop zréckgräifen an drun interesséiert sinn, fir en Deel vun esou engem gemeinsame Projet ze sinn, fir d’Lëtzebuerger Kultur, de Patrimoine dann ze stäerken a rëm zu neiem Liewen dann och ze erwächen”, sou den Eric Thill.
De FOCUNA hat fir d’Restauratioun vum Batty Weber sengem Schreifdësch all Persounen, déi schonn an der Vergaangenheet bei esou Aktioune matgemaach hunn, kontaktéiert, fir méi Visibilitéit ze kréien a schlussendlech wier effektiv och de Groussdeel u Participantë schonn u viregten Aktioune bedeelegt gewiescht.
“Automatesch hu mer alleguerten déi Leit och ugeschriwwen, déi am viregten Appell matgemaach hunn. Mir kënnen awer schonn haut soen, dass iwwer 250 eenzel Donateuren do matgemaach hunn. A wat ganz interessant ass, vun deenen 250 Donateure si 70% vun deenen, hunn och bei deene viregte Crowdfunding-Aktioune matgemaach. Dat wëllt heeschen, mir hunn eng gewësse Leit hei zu Lëtzebuerg, déi immens sensibel sinn, fir eben de Patrimoine, dass deen awer a richtege Conditiounen an den Institutioune kënne weider geréiert ginn.”
D’Direktesch vum CNL war begeeschtert, wéi vill Interessi et fir dem Batty Weber säi Schreifdësch géif ginn an hätt net domat gerechent, dass esou séier esou vill Sue géifen zesummekommen. An hirer kommender Ausstellung wäert si de Leit dann och eppes zeréck ginn an de Schreifdësch mat senger Geschicht, fir jiddereen zougänglech, am CNL ausstellen. Wat mat deene Sue geschitt, déi nom Crowdfunding iwwereg bleiwen, weess d’Nathalie Jacoby och schonn.
“Wat fir eis awer och elo esou iwwerwältegend war, war, wéi d’Leit op déi Campagne elo reagéiert hunn. Et ass vill méi zesumme komm, wéi mir eis dat erhofft oder erwaart haten, esou dass mer och wäerten aner Saachen, déi net méi schéi sinn no der Iwwerschwemmung, och déi wäerte restauréiere kënne mat dëse Suen. Dat ass immens, immens flott an ech fannen awer och, eppes, wat ech guer net erwaart hat, ass, dass een esou e Gefill kritt, wéi eigentlech och Leit do sinn, déi sech un d’Haus bannen. Duerch esou eng Campagne entsteet och esou en Zesummegehéieregkeetsgefill a fir eis ass et natierlech och eng Méiglechkeet, eis erëm ze weisen, eis och e bësse rëm bekannt ze maachen, erëm e bëssen och op d’Aarbecht vum CNL ze verweisen.”
Den Ament steet de Schreifdësch also nach bei der Schräinerei Dohm zu Housen, dëse soll awer deemnächst zréck an den CNL bruecht ginn. An de kommende Woche wäert och nach en RTL-Reportage am Journal iwwert d’Restauratioun ze gesi sinn, wou dann och déi éischt Biller vum fäerdege Schreifdësch gewise ginn.