
2018 gouf d‘Produktioun vun der franséischer Presse-Associatioun mam Globe de Cristal Präis, fir dat bescht Theaterstéck ausgezeechent. Zanterhier ginn et ëmmer nees Virstellungen an elo kënnt de Paräisser Theater Hebertot och domat op Esch. D’Adaptatioun ass vum Charles Tordjman geschriwwen, deen an der Vergaangenheet scho mam Theaterstéck “La plus précieuse des marchandise” am Escher Theater op Besuch war.
Bekannt gouf d’Geschicht virun allem duerch der Regisseurin Sidney Lumet hir filmesch Adaptatioun aus dem Joer 1957. Et geet ëm e jonke Mann, deen zu New York an de 50er Joren viru Geriicht kënnt. Wann de Jury, bestoend aus 12 Leit, sech um Enn vum Prozess zréck zitt, fir sech ze beroden an iwwert d’Urteel vum jonken Amerikaner ze diskutéieren, schéngt den elektresche Stull a soumat d’Doudestroof, déi eenzeg logesch Conclusioun ze sinn, bis sech onerwaart ee Member géint d’Urteel stellt an dee ganze Prozess op e Neits un d’Rulle bréngt.
De 7. an 8. Mäerz gëtt “12 hommes en colère” am Escher Theater gespillt. Weider Informatioun an en Trailer-Video, fannt Dir op um Site vum Escher Theater.