Déi éischt Lëtzebuerger RomCom mam Dorothée Neff a Konstantin Rommelfangen.

"Zeréck", sou heescht déi néi Romcom, eng Ofkierzung fir romantesch Comedie, déi d’lescht Woch hir Avant-Première hat. E Filmgenre, deen et hei zu Lëtzebuerg bis elo nach net gouf. De Realisateur Frédéric Zeimet erzielt d'Geschicht vun enger Koppel.

Zwee Leit mussen no enger Hochzäit zeréck an hiren Hotel goen. Ënnerwee, obwuel se sech net kennen, éischter e bëssen haassen, stellt sech eraus, dass se am Fong eng Virgeschicht haten.

Déi zwee Personnage sinn d'Camille an den Thomas, gespillt vum Dorothée Neff a Konstantin Rommelfangen, déi nuets zesummen duerch eng eidel Stad trëppelen.

"Iergendwéi wollt ech eng Geschicht verzielen, wou Leit zesumme kommen. Ech hunn zimmlech laang gesicht wat ech wéilt erzielen, vu menger Libesgeschicht a vun deem, wat mer zesummen erlieft hunn. Do hat ech da Loscht, fir eppes driwwer ze schreiwen an et ze fiktionaliséieren."

De Film kritt eng ganz speziell Atmosphäre, well en an enger eideler Staat spillt.

"Et war am zweeten Confinement. D'Stad war eidel a mir hu missen ëmmer eise schéine Pabeier derbäi hunn, fir ze weisen, dass mir däerfen dobaussen sinn an, dass mer däerfen dréinen. Ma et war och e Wëllen, fir sou no wéi méiglech bei deenen zwee Personnagen ze bleiwen an eng sou eidel wéi méiglech Stad ze hunn, déi am Fong zu engem neie Personnage vun der Geschicht gëtt."

Ob sech d’Camille an den Thomas fannen an déi al Geschichten hannert sech loossen, kann een a verschiddene Kinoen uechter d'Land gesinn.

D'Musek ass vum Daniel Balthasar.