
Dat als Reaktioun op d'Decisioun vum President vun der Biennal, trotz dem Ukrainkrich, och russesch Kënschtler zouzeloossen. D'Evenement misst eng "Plaz fir Waffestëllstand am Numm vun der Konscht, der Kultur an der kënschtlerescher Fräiheet" bleiwen, schreiwen d'Jurysmemberen. Virun enger Woch hat de Jury schonn annoncéiert, keng Präisser u Länner z'iwwerreechen, deenen hir Staats- a Regierungscheffe mat Virwërf vum Internationale Strofgeriichtshaff wéinst Verbrieche géint d'Mënschlechkeet konfrontéiert sinn. Domadder sinn Russland an och Israel gemengt.
D'Organisateuren haten am Mäerz decidéiert, datt Russland eng éischte Kéier zanter dem Ufank vum Ukrainkrich viru véier Joer nees ausstellen dierft. Eng Annonce, déi deen Ament scho fir Kritik bei der italieenescher Premierministesch Giorgia Meloni an dem ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha gesuergt hat. Den italieenesche Kulturminister wëll d'Ouverture vun der Biennale zu Venedeg boykottéieren an d'EU-Kommissioun hat souguer domadder gedreet, der Biennale ënner Ëmstänn d'Subsiden a Milliounenhéicht ze sträichen. D'Präisiwwerreechung soll lo réischt um Enn vun der Ausstellung am November sinn. Jury kéint, dem President no, elo de Public ginn. Alleguerten d'Visiteure kéinten dann ofstëmmen.