Wann ee sech e bësse mat der Drum&Bass-Zeen auskennt, dann ass d'Warscheinlechkeet grouss dass ee schonn emol den Numm "Master Error" héieren huet.

Viru ronn 10 Joer ass den Tom Scheer, alias Master Error, per Zoufall op d'DJe gestouss.

"Wéi ech een Dag no der Schoul heemkoum, hunn ech Musek héieren déi aus mengem Brudder senger Zëmmer koum an dat huet zimmlech gutt geklongen. Du sinn ech emol kucke gaangen an hien hat sech grad e Mëschpult kaf. Ech hunn dat sou cool fonnt, a war sou: 'dat muss ech och maachen'."

DJ Serie - Master Error

E Mann, e Wuert! Säi Brudder ass an der Tëschenzäit net méi als DJ aktiv, am Géigesaz zum Tom. Hie konnt zanterhier d'Fangeren net méi vum Mëschpult loossen an huet sech soumat iwwer déi lescht Joren eng impressionnant Reputatioun hei zu Lëtzebuerg, mä virun allem och am Ausland opgebaut.

Leschte Mäerz huet hien zum Beispill um renomméierten "Rampage Open Air Festival" an der Belsch viru ronn 12.000 Leit gespillt. Déi Souveränitéit virun esou ville Leit ze spillen, war awer och dem Master Error net ugebueren. Déi éischte Kéier, wou hien am Ausland opgeluecht huet, war an der Belsch an d'Nerven hu sech bemierkbar gemaach.

"Ech hu mir wuertwiertlech bal an d'Box gemaach, well ech sou nervös war", laacht den Tom. "Elo ass et e bëssen eng Norm ginn, mä wann esou vill Leit do sinn, wéi um 'Rampage' waren, gëtt een awer nach nervös."

RTL

© momenttom

Nieft dem DJen u sech, produzéiert den Tom och seng eege Lidder an där wäerte mir och an dësem Joer genuch geliwwert kréien. De 4.Januar ass och schonn déi éischt Tracks vum Joer, mam Titel "Onslaught" an "Guess who" erauskomm.

A wien de Master Error eng Kéier live wëll materliewen (an nach eng kleng Vakanz ausstoen huet): de 14.Januar ass hie bei "Urbane Events" zu Leicester an England dobäi, den 3.Februar leet hien am "Toxic" zu Antwerpen op an de 4.Februar ass hien am "Criticalz" zu Ghent ze fannen. All weider Informatioune fënnt een op senge soziale Medien.