Den US-amerikanesche Museker, Schrëftsteller a Schauspiller war mat senger Spoken Word-Show "Good to see you" um Donneschdeg zu Diddeleng.

LINK: De GANZEN Interview hei op englesch bei eise Kolleege vun RTL Today.

Den 62 Joer alen Amerikaner huet sech virop entschëllegt, datt hien op sengen iwwer 40 Joer Touren a Reesen duerch d'Musek-an d'Weltgeschicht nach net dacks zu Lëtzebuerg war. Mä wéi hien och am RTL-Interview erzielt, huet hie viru Joren hei am Land ee Film gedréint.

De Rollins, dee keng Drogen a keen Alkohol hëlt a Sport a Fitness als Relioun bedreift, war deemools enttäuscht doriwwer, datt an eiser Haaptstad um 19 Auer d'Plazen, wou ee Kaffi kann drénken, zoumaachen, wann hie grad vum Tournage kënnt. Mä ganz gutt Erënnerungen hätt hie par konter un den CD-Buttek beim Palais, wou hien ënner anerem e puer rar Black Sabbath-Liveplacke konnt ergatteren.

RTL

De roude Fuedem "D'Joerzéngt besser ophalen, wéi et ugefaangen huet", zitt sech duerch de Spoken Word-Gig zu Diddeleng.

 3 Geschichten an iwwer 2 Stonnen

1. Wéi reagéiert een, wann ee Mann no engem Concert ganz rose freet, ob seng Fra an dengem Tourbus ass? Esou Leit, also deene mat vill Angscht an Trauma, soll ee mat Frëndlechkeet reagéieren, sou d'Conclusioun um Enn.

2. Wéi witzeg ass et, wann d'Äsche vun denger 2022 verstuerwener Mamm an engem Park vun Inte giess ginn? "Dat Witzegst, wat ech rezent matkritt hunn, mä ech si weird", sou dem Amerikaner seng Äntwert.

Déi 3. a längste Geschicht vum Owend handelt vum Grond, firwat de Rollins net méi zu LA wunnt: 3 Mol huet e missen d'Noutruffnummer 911 wielen, well ee jonke Schizophrenen aus Finnland ëmmer nees bei him op senger deemoleger Adress agebrach ass an do Saache futtigemaach huet, well "Weess de ... Kommunismus a sou".

Wien ass den Henry Rollins iwwerhaapt?

De Rollins huet an de 70er Joren iwwer den Ian Mac Kaye (Spéider bei de legendäre Formatioune Minor Threat a Fugazi an deen e bis haut nach all Sonndeg urifft) de Kontakt zu der lokaler Punkzeen zu Washington fonnt.

1981 war hie Fan vun der Punkrock-Band Black Flag, no engem Concert an engem Ad Hoc-Casting ass hien zu hirem ikonesche Sänger ginn. Am Buch "Get in the Van" huet de Rollins dat Liewe vun der Touring band wonnerbar beschriwwen.

Hien huet déi Concerte gäre gehat, fir hir "Gladiator/Bluttsport-Natur". Et wier ni drëm gaangen, ee Museker oder Artist ze sinn, hie wier näischt vu béidem. Spoken Word hautzedaags wier par konter genee sou wéi säi Liewen: Ganz eleng sinn an ëmmer méi no vum Doud.

1984 scho grënnt den Henry Rollins säin eegene Verlag 2.13.61., wou zënterhier seng Bicher a Spoken-Word-Placken erauskommen.

1987 war et den Ufank vu senge Jore mat der "Rollins Band". Musekmaachen ass awer zënter 2006 keen Theema méi. "Et war eng Zäit a Plaz-Saach, sou den Amerikaner," hunn dat éischter wéi een Athleet erlieft, iergend eng Kéier weess de, deng Zäit ass eriwwer."

liar

Den Henry Rollins huet an den 90er Joren och eng Carrière als Acteur ugefaangen. A Filmer wéi
Lost Highway vum David Lynch oder Heat vum Michael Mann hat hien kleng Niewerollen. "Et ass just Aarbecht fir mech, huelen alles, wat ech ka kréien", sou säi Kommentar.

Den 19. Dezember 1991 war den Aschnëtt am Liewe vum gebiertegen Henry Lawrence Garfield: Bei engem arméierten Iwwerfall virun der Dier vun hirer WG zu Venice ass säi beschte Frënd Joe Cole vun 2 Onbekannten erschoss ginn. D'Dot ass ni opgekläert ginn.

A "Sic", sengem Buch vun 2022, geet de Rollins op säi Ritual an, fir all Dezember nach méi a sech ze goen, d'Isolatioun ze sichen an un dee Moment vum Mord um Joe Cole ze denken. Hie versteet bis haut net, firwat hien huet dierfe weiderliewen.

"Sic ass een Tagebuch vun Dezember 2019, Dezember 2020 an Dezember 2021, an deem iwwerdeems och d'Konsequenze vun der Pandemie op d'Welt, d'USA a säi Kënschtlerliewen e Sujet sinn. Et ass säin däischterst an éierlechst Buch.

Nach haut, wa Leit op hien duerkommen, wëll de Rollins eigentlech fortlafen, mä forcéiert sech, fir jiddwereen Zäit ze hunn. "Ech wëll net, datt si eng schlecht Experienz hunn, wa si mech begéinen."

LINK: De ganzen Interview hei op englesch bei eise Kolleegen vun RTL Today.