Hannert dem Mëschpult: Ogazón

© Michelle Falck
Hannert dem DJ-Numm "Ogazón" stécht d'Lëtzebuergerin Nathalie Faber, déi mat hire Vinyllen d'Berliner Zeen onsécher mécht.
Obschonns d'Nathalie scho fréi der elektronescher Musek verfall war, huet hir Karriär als DJane réischt ugefaangen, wéi si fir hir Studien op Amsterdam geplënnert ass. Grouss Influenze wieren d'Amsterdamer Nuetsliewen, awer och de Berliner Kult-Club "Berghain" gewiescht, dee si zu där Zäit fir d'éischt Kéier besicht huet.
"De 'Berghain' ass eng richteg Institutioun. Et ass méi wéi just eng Party-Rei oder sou", erkläert d'Ogazón. "D'Architektur vum Gebai selwer an den Design vun de Raim, d'Luuchtinstallatiounen, de Sound-System - dat eleng ass schonn impressionnant. Dobäi kënnt natierlech hir Line-Ups, déi immens gutt kuratéiert sinn a souwuel 'Residents' an 'Newcomers' abannen. Musikalesch ass et ëmmer eng Aventure, an natierlech och vun de Gäscht."
Doropshin hunn hir Kolleegen zu Amsterdam dem Nathalie hiren éischten DJ-Set-Up geschenkt, mat deem si sech dunn ënnert dem DJ-Numm "Ogazón" an d'Nuetsliewe gestierzt huet.
"'Ogazón' ass den Nonumm vu menger Mamm. Si ass Spuenierin, wunnt awer schonn zanter Éiwegkeeten zu Lëtzebuerg, mä ech hunn dat e flotte, klengen Hommage fonnt u si an d'Famill aus Spuenien."
D'lescht Joer ass dunn e richtegen Dram Realitéit ginn: déi jonk Lëtzebuergerin mat spueneschen Originnen huet fir d'éischt Kéier am "Berghain", bezéiungsweis der "Panorama Bar" konnten opleeën.
"Wéi ech dee Gig confirméiert krut, sinn ech sou an d'Luucht gesprongen, hu gekrasch, gelaacht", erënnert d'Nathalie sech. "Et war immens schéin an emotional."

© Michelle Falck
Zanterhier sinn e puer Gigs am faméise Club nokomm. De Plang wier et an Zukunft eng Kéier all d'Raim duerchzespillen a sech och soss mat hire Placke weiderhin eng Reputatioun um internationale Level opzebauen. Nieft dem Opleeën u sech, wier d'Ogazón och interesséiert dorun, selwer ze produzéieren.
"Ech hunn och schonn ugefaangen, mat Frënn aus Berlin bëssen ze probéieren, bezéiungsweis kréien ech och quasi Course vu Leit, déi ech immens respektéieren, an déi mech mat an de Studio huelen. Dat ass schonn immens flott", sou d'Ogazón. "Dat ass definitiv en Zil fir mech, fir dëst Joer, och wann net onbedéngt schonn eppes erauskënnt. Dofir wëll ech mir nämlech e bëssen Zäit loossen, fir dat anstänneg ze maachen an ze preparéieren, wat den Ament net sou einfach ass mam ganzen Touren. Dofir setzen ech mir do keng zäitlech Limitten, mä do wäert op alle Fall nach eppes nokommen."
Méi Informatiounen iwwer d'Ogazón ginn et hei.