Dat aalt Notaireshaus zu Réimech an der Haaptstrooss ass ville Leit e Begrëff. D'Haus aus dem 19. Joerhonnert, steet den Ament eidel.

Ma et gëtt elo nach bis den 28. Mee als Konschtgalerie genotzt. Vu Molerei bis hin zu Skulpturen oder Installatiounen, eng ronn 30 Kënschtler stellen hei hier Wierker aus.

D'Yvette Rischette, selwer Molerin, huet d'Konzept vun der Fuelbox viru Joren an d'Liewe geruff, mëttlerweil ass et déi 7. Editioun.
D'Selektioun vun de Kënschtler mécht d'Yvette Rischette zesumme mat Artisten, déi scho vun Ufank un dobäi sinn. Hinne geet et drëms, e gudde Melange ze maachen.
De Raphael Tanios ass e jonke Moler, deen elo déi éischte Kéier bei der Fuelbox mat dobäi ass. Him mécht et Spaass, op enger onkonventioneller Plaz auszestellen.
Bei der Fuelbox sinn d'Kënschtler meeschtens present, wat och de ganze Charme vun dëser Expo ausmécht.

Dësen, an nächste Weekend kann ee sech d'Fuelbox zu Réimech nach ukucken, den Entrée ass gratis.

Iwwert d'Kënschtlerin an d'Organisatrice vun der Fuelbox Yvette Rischette gëtt een de Sonndeg an der Artbox nach méi gewuer.