
D’Aarbechte fir dat geplangte Südspidol kréie weider Retard, dat ass aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez op enger parlamentaresch Fro vun der LSAP erauszeliesen. Zanter 2014 gëtt geplangt, d’Ouverture ass déi lescht Joren ëmmer nees no hanne geréckelt ginn.
Dëst Joer sollt et finalement lassgoe mat den Aarbechten, fir datt dat neit Südspidol zu Esch spéitstens 2032 kéint opgoen. Elo gëtt et awer viraussiichtlech eréischt 2028 mat den Aarbechten ugefaangen. Ee geneeën Datum gëtt net genannt. Och net wéini déi éischt Patienten am Südspidol kënnen empfaange ginn.
Als ee vun den Haaptgrënn fir de Retard nennt déi zoustänneg CSV-Ministesch ee Wiessel um Niveau vum Grupp, dee fir d’Planifikatioun vum Projet zoustänneg ass. De Projet wier dann och nach eng Kéier adaptéiert ginn, fir den haitegen Ufuerderunge vun engem moderne Spidol gerecht ze ginn, dozou gehéiert, nom COVID-19, och ee globaalt Pandemie-Konzept.