
De Museker Afrika Bambaataa ass dout. Dat huet säi Plackelabel “Tommy Boy Records” en Donneschdeg an engem Post op Instagram matgedeelt. “Mat sengem Doud denke mir iwwert seng Bäiträg zum Genre an zur méi breeder Kultur no, déi bis haut nowierken”, heescht et am Post. De Rapper an DJ war virun allem fir säi Hit “Planet Rock” aus dem Joer 1982 bekannt.
Wéi den Noriichteportal TMZ mellt, ass den Afrika Bambaataa en Donneschdeg am US-Bundesstaat Pennsylvania u Komplikatiounen an Zesummenhang mat enger Kriibserkrankung gestuerwen.
De Lance Taylor, wéi de Kënschtler mat biergerlechem Numm geheescht huet, koum 1957 zu New York op d’Welt. Seng Musekskarriär huet hie mat der Organisatioun vu Blockpartyen a sengem Quartier Bronx gestart. D’Zäit an d’Plaz an där hien opgewuess ass, war vu vill Bandegewalt gepräägt. Aus deem Grond huet hien 1973 de Museksgrupp Universal Zulu Nation gegrënnt, déi Hip-Hop genotzt huet, fir friddlech Wäerter ze vermëttelen.
Kënschtler, déi mam Bambaataa zesummegeschafft hunn, wéi de Museker Kurtis Blow, hunn an de soziale Medien hir Trauer iwwert säin Doud ausgedréckt a säin Afloss op Hip-Hop als global Beweegung ausgedréckt. Gläichzäiteg huet de Blow awer och net dem verstuerwene Kënschtler seng Kontroversen ignoréiert. Säi Vermächtnis wier “komplex a war Géigestand vun eeschthaften Diskussioune bannent eiser Gesellschaft”. Dem Afrika Bambaataa ware sexuell Iwwergrëffer géigeniwwer Mannerjäregen an den 80er an 90er reprochéiert ginn. De Museker huet d’Reprochen ëmmer zeréckgewisen an ass och ni strofrechtlech verurteelt ginn.