E Freideg war déi offiziell Reouverture. 2020 waren d'Kasematten jo wéinst der Pandemie zougemaach ginn a sinn zoubliwwen well renovéiert huet misse ginn.

Vum 14. Juni, also vun nächste Mëttwoch un ass déi beléiften Touristenattraktioun nees zougänglech.

Och wa sech fir de Visiteur op den éischte Bléck net vill geännert huet, gouf iwwert déi lescht dräi Joer esou munches geschafft. D'Aarbechte goufe bewosst dezent gehalen. Un der Struktur gouf natierlech näischt geännert, dofir awer villes a Saache Sécherheet a Konformitéit. Verschidde Gelänner hu misse méi héich gemaach ginn an och d'Elektresch an d'Fluchtweeër goufe verbessert. De Käschtepunkt läit bei 739.000 Euro.

"Wann eng Interventioun vun de Pompjeeë wier, well engem schlecht gëtt oder wou si ee misste mat engem Brancard hei raushuelen, dat war bis dato net esou einfach”, erkläert de Chef de Projet vun der Stad Lëtzebuerg Claude Schomer.  "An deem Sënn hu mir den Tourniquet ugepasst an d’'Sortie de Secours méi breet gemaach, fir datt si ouni Problem kënnen mat engem Brancard hei ran a raus goen fir Leit ze evakuéieren.”

Weider goufen och d'Visualisatioun an d'Beliichtung vun de Piktogrammer ugepasst. Fir net all ze vill Kabele mussen ze verleeën, huet een dobäi op kleng Spotte gesat, amplaz vu Piktogrammer, déi selwer liichten. "Méi kniwweleg war d’'Aarbecht vun de Schaltschief”, esou de Claude Schomer, "mir hunn der och e puer am Steen verbaut. D’'Gesetz schreift vir, datt mir déi musse schützen. Mir hunn do eng Selbstlöschanlag an de Schaltschief verbaut. Dat heescht wann do e Feier géif ugoen, da gëtt dat direkt op der Plaz bekämpft, fir datt et net ausbreet.”

D'Bock-Kasematten haten 2019 e Rekordjoer mat 150.000 Visiteuren. Vun elo un dierfen awer nëmmen nach maximal 25 Leit gläichzäiteg erof an de Fiels. Dat an engem 15-Minutten-Takt. De Präsident vum Luxembourg City Tourist Office freet sech: "Mir wäerten d'nächst Woch nees 7 op 7 Deeg op hunn. Vun 10 bis 5 Auer mëttes, dat ganzt Joer laang.  Mir maachen net méi zou am Wanter an hoffen, datt mir nees eng vun den 3 meescht-besichten Attraktioune ginn am Lëtzebuerger Land.”

D'Péitruss-Kasematte waren jo d'lescht Joer schonn ënnert dem Konzept "Bring Rocks to Life” opgaangen. Dës Kéier sinn et déi spektakulär Vuen iwwer Stad an d'Reschter vun der Festung, déi am Mëttelpunkt stinn.