Sech en eegent Konschtwierk kafen, e Luxus, deen den National Musée um Fëschmaart jidderengem elo erméiglecht.

Duerch den Appel aux Dons "Klammt mat an d'Course!" kann elo jiddereen en Deel vum Joseph Kutter sengem Portrait vum lëtzebuergesche Cycliste an Tour-de-France-Gewënner Nicolas Frantz ergatteren. Eng Initiativ fir Konscht- a Sportenthusiasten zugläich.

RTL

Matmaachen dierf a soll hei jiddereen, keen Don ass ze kleng. Weider Informatiounen zum Spendenopruff fënnt een um Internetsite vum Nationalmusée. D'Course ass bis den 31. Dezember geplangt. Et sieft dann, datt d’Etapp vun den 100.000€, déi fir de Kaf vum Portrait néideg sinn, scho méi fréi bewältegt gëtt. D’Course ass elo lancéiert, de Champion, dee steet awer elo scho fest.