Do waren deemno déi éischt potentiell Kandidaten dobäi, fir eist Land um ESC zu Malmö ze vertrieden. Eng 100 Sänger, déi bis elo nach keen eegenen Song hunn, hate sech gemellt, fir hei virun enger Jury virzesangen.
Déi Bescht vun dëse Sänger wäerte sech da spéider mat deene Kandidate moossen, déi an der Museksbranche scho méi etabléiert sinn a schonn eege Lidder am Repertoire hunn.
Um Enn wäerten d’Finalisten dann de 27. Januar an enger grousser Show op der Tëlee an der Rockhal géinteneen untrieden an de Gewënner representéiert dann am Mee Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest zu Malmö.
D’Inscriptioune fir Sänger mat Song a Song-Writer leeft nach virun op eurovision.lu
Réckbléck vun 1956 bis elo: Lëtzebuerg huet den ESC scho 5 Mol gewonnen
Eurovisioun Réckbléck: Den Jimmy Martin war 1993 dobäi
Mir sichen dech! D’Preselektioune si lancéiert, wat sinn d’Konditiounen?