30 Jonker, 24 Stonnen: 10 Kannerbicher
D'Zil vum "BookAthon – vu Jonker fir Kanner" war et, a 24 Stonnen 10 dräisproocheg Kannerbicher ze schreiwen, ze illustréieren an ze designen.
En Hackathon: Esou nennt een en Evenement, wat et sech zum Zil setzt, bannent kuerzer Zäit eppes ze kreéieren. Bei der éischter Editioun vum BookAthon goufe Kannerbicher an d'Liewe geruff, déi duerno de Crèchen an Dageseltere gratis zur Verfügung gestallt ginn. Virbild ass de südafrikanesche Projet "Book Dash" – ma als zousätzlechen Challenge sinn d’Participantë vum Lëtzebuerger BookAthon keng Professioneller, mä Jonker tëscht 14 a 27 Joer, deenen dofir eng Primm vun 250 Euro zousteet.
Iwwer 60 Jonker hate sech op den Opruff gemellt, 30 vun hinne goufen op Basis vun hirem Portfolio ausgewielt, déi si geziilt, fir eng vun den 3 Rollen erageschéckt hunn: Illustrator, Storyteller oder Grafikdesigner. Beim Kick-off Event am Oktober gouf et fir déi verschidde Rolle Workshops mat Experten aus dem jeeweilege Gebitt, fir déi Jonk optimal op de BookAthon virzebereeden.
Déi 24 Stonnen Hackathon hu sech op 3 Deeg verdeelt, an deenen déi Jonk an 10 Ekippen à 3 Persoune jeeweils ee Kannerbuch fir Kanner tëscht 0 a 4 Joer kreéiert hunn. Ënnerstëtzt goufe si dobäi vu professionelle Grafikdesigner, Schrëftsteller an Illustratoren.
D’Bicher, déi dobäi entstane sinn, sinn dräisproocheg. Si wäerten esouwuel a gedréckter Versioun de Crèchen an Dageselteren zur Verfügung gestallt ginn, wéi och online fir jiddereen iwwert de Site www.bookathon.lu disponibel sinn. An enger nächster Phas ginn d’Bicher net just a weidere Sproochen iwwersat, mä wäerten och als Audioformat an a Gebäerdesprooch um Site ze fanne sinn.