De Julien Hübsch kritt de Prix Grand-Duc Adolphe

© Cercle Artistique de Luxembourg
Den 1995 gebuerene Kënschtler Julien Hübsch kritt dëst Joer de Prix Grand-Duc Adolphe vum Salon vum CAL.
Dat fir d’Serie vun 3 Wierker mam Numm "my motorcycle".
De Jury war sech unanime eens, datt de Julien Hübsch de Präis dëst Joer kritt. Trotz sengem jonken Alter hieft de Jury eng reell Koherenz an eng grouss Maturitéit am Julien Hübsch sengem Wierk ervir. Zënter senger éischter Participatioun beim Salon 2016, hätt de Julien Hübsch sech konstant a senger kënschtlerescher Praxis weiderentwéckelt. A senger Aarbecht géif hien d'Problematiken vun eiser Zäit uschwätzen, een Aspekt dovu wier zum Beispill d'Iwwerkonsommatioun. Hie géif e kritesche Bléck op eis aktuell gesellschaftlech Defie geheien.
De Prix Grand-Duc Adolphe gëtt all zwee Joer, ënnert de Konschtwierker, déi um Salon vum CAL gewise ginn, verdeelt.
De Präis ass mat 5.000 Euro dotéiert a bréngt och eng Solo-Ausstellung d'nächst Joer an der Galerie Schlassgoart mat sech.