D'Schauspillerin ass bekannt ginn duerch d'Serie "Klimbim", déi vun 1973 u gelaf ass.

Si huet hei mat Schauspiller wéi dem Peer Augustinski oder der mëttlerweil verstuerwenen Elisabeth Volkmann zesummeschafft.

Éier d'Ingrid Steeger duerch "Klimbim" populär gouf, hat se divers Optrëtter a Softsexfilmer, wourënner se spéider an hirer Karriär ëmmer nees gelidden huet.

Am Januar 2020 hat d'TV-Ikon an engem Gespréich mat der Bild-Zeitung ëffentlech gemaach, dass se gesondheetlech ugeschloen ass. Ufank 2020 hat se en Häerzstëllstand. Op der Plaz gouf se nach reaniméiert, éier am Spidol och nach emol en Defibrillator huet mussen agesat ginn, fir hiert Liewen ze retten.

Elo huet hire Frënd Rolf Löbig da matgedeelt, dass d'Ingrid Steeger am Alter vu 76 Joer gestuerwen ass, dëst an engem Spidol zu Bad Hersfeld.