Alle Farben, Toby Romeo a Vize sinn Headliner um Open Air Housen

© Open Air Housen
De 5. a 6. Juli ass am Éislek nees eng méi lass. Op der 25. Editioun vum Open Air Housen suergen national an international DJe rëm fir gutt Stëmmung.
Iwwer zwee Deeg verdeelt, trieden den DJ Alle Farben, den Toby Romeo an de Vize als Headliners zu Housen op. Nieft dem däitsche Kënschtler Alle Farben an dem Éisträicher Toby Romeo um Freideg leeën och d'Lëtzebuerger DJen Dama, Jessy K a SE7EN op.
Um Samschdeg steet dann den däiteschen DJ-Duo Vize um Programm, souwéi d'Acts Nosi, Danth, Blueteck an Waztoo.
Wien dann net mam Late Night Bus oder mam Auto wëll heem fueren, ka wéi all Joer och um Camping zu Housen säin Zelt opschloen. An och mat enger Food Mile, wou ee vu Burger iwwer Italieenesch bis Séisses kritt, ass fir d'Musek-Fans gesuergt.
Wien da méi bëlleg wëll ewechkommen, muss sech den 19. Abrëll tëscht 17 an 20 Auer um Pre-Sale-Event am Centre culturel zu Housen fir Early Birds Tickete séier bäimaachen. All d'Informatioune fannt Dir um Site vum Open Air Housen oder op hirer Facebook-Säit.
De komplette Line-Up: