"Garden Sounds" zu Wolz si rëm do
Vum 7. bis den 9.Juni gëtt déi 5.Editioun vun de "Garden Sounds" am "Jardin de Wiltz" ofgehalen.
Déi éischt zwee Deeg stinn eng Partie Concerten un. "De Line-Up setzt sech aus Kënschtler zesummen, déi perfekt an deen idyllesche Kader passen, wou de Festival organiséiert gëtt: entspaant, verdreemt, awer och fir matzedanzen an eng gutt Zäit ze verbréngen", erkläert d'Anne-Marie Krettels, déi fir d'Koordinatioun vum kulturelle Programm zoustänneg ass. "Et war eis wichteg eng Mëschung aus nationalen an internationale Bands ze hunn, well mir natierlech weise wëllen, wat déi national Musekszeen ze bidden huet, awer och auslännesche Bands d'Méiglechkeet ginn, sech eise Visiteure virzestellen."
Bei dëser 5.Editioun gesäit een d'Lëtzebuerger Bands "Boy From Home" an "The Aquatic Museum" op der Bün, awer och den Dan Se an Moli, Béid aus der Blesch, John Moods aus Däitschland oder Donna Blue aus Holland. "Mäi perséinleche Coup de coeur bei dëser Editioun ass d’Band Dan San, déi Freides, de 7.Juni spillt", seet d'Anne-Marie Krettels. "Déi eenzel Museker aus der Band hunn all nach eege Formatiounen, mat deene si scho bei eis Concerte gespillt hunn, wéi zum Beispill mat 'Pale Grey', 'Condore' an 'The Feather'. Ëmsou méi freet et mech, si elo eemol all zesumme mat hirem Haaptprojet 'Dan San' kënnen ze presentéieren. Fans vu Bon Iver, Fleet Foxes oder Sufjan Stevens wäert hire melodeschen an harmoneschen Indie-Folk-Sound sécherlech ganz gutt gefalen an de méi-stëmmege Gesang an d'akustesch Instrumenter schafen eng intim an emotional Atmosphär, déi immens gutt bei eis an de 'Garden Sounds' passt."












Natierlech dierfen déi Klengst ënnert eis awer och net vergiess ginn. Sonndes steet fir si eng Liesung vum Tullio Forgiarini um Programm. Thema ass d'Kannerbuch "Bonnie".
"D'Zil vum 'Garden Sounds' ass et, d'Visiteuren op eng eenzegaarteg an ofwiesslungsräich, musikalesch Rees am Gaart matzehuelen", sou d'Anne-Marie Krettels. "De flotte Konschtgaart, wou de 'Garden Sounds' ofgehale gëtt, gëtt et schonn zanter ronn 40 Joer an, och wann een déi Plaz gutt kënnt, ënner anerem duerch Eventer wéi d''Nuits des Lampions', gëtt et ëmmer erëm Neies hei z'entdecken. De 'Garden Sounds' ass e Festival-Erliefnis wat all d'Sënner uschwätzt, Leit zesumme brénge soll an een an enger entspaanter Atmosphär mat gudder Musek einfach e schéine Moment zesumme verbrénge kann."