Nei App fir digital PayementerWero a Banken zefridden – eenzel Problemer wiere "Kannerkrankheeten"

François Aulner
De Wiessel vu Payconiq op Wero, déi nei App fir digital Payementer hei zu Lëtzebuerg, hätt bis elo gutt geklappt.
Symbolbild
RTL Archivbild
© JASPER JACOBS/Belga via AFP

Iwwer 34.000 Leit hätten heiheem zanter dem Lancement en Dënschdeg a bis e Mëttwoch de Mëtteg de Wero-Wallet schonn erofgelueden. Problemer wieren et just an eenzele Fäll ginn. Dat soten op jidder Fall d'Vertrieder vu Wero a vun de Lëtzebuerger Banken op engem Event e Mëttwoch de Moien, wou de "Rollout" vu Wero presentéiert gouf.

Et war e Marketing-Event am europäesche Véierel hei um Kierchbierg. Mat Discours, Presentatioun, "Panels" - eng Zort Table ronde mat vill "wow" vum sympathesche Moderator Jim Kent. Puer Messagë goufe bewosst placéiert ewéi "Lëtzebuerg war prett fir Wero". D'Martina Weimert, Cheffin vun der European Payments Initiative, Bedreiwer vu Wero, hat um Schluss vum Event méi authentesch e wichtege Message um Häerz: Et wier e konkrete Bäitrag fir d'digital Souveränitéit oder Onofhängegkeet vun Europa.

D'Martina Weimert a Wero wiere ganz zefridde nom éischten Dag. Op méi ewéi 10.000 Clientë vu Banken, déi op Wero gewiesselt sinn, wieren et eenzel Problemer ginn, déi an hiren Aen op d'Verbindung tëscht Luxtrust an de Banken zeréckzeféiere wier. Fir d'Cheffin vu Wero wieren dat "Kannerkrankheete vun enger neier Léisung".

Bei der Raiffeisen wieren et bei 3.500 Migratiounen op Wero manner ewéi eng Dosen Appeller gi vu Clienten, déi Schwieregkeeten oder Froen hätten. Fir de Claude Würth vun der Spuerkeess, wier et en Dënschdeg "tip top a besser ewéi erwaart" gelaf. D'Leit bei der Bank wiere gutt preparéiert, fir hire Clienten ze hëllefen. D'Betriber op Wero eriwwer kréien, dat géing elo am Laf vum Mount September gemaach ginn.

Cash = Trash?

Ee Betrib, dee scho Wero vum 1. Dag un adoptéiert huet, ass Batiself. Hire Chef, de Multientreprener Claude Wagner, sot, hien hätt keen ee Problem gemellt kritt. Wärend der Diskussioun huet hien dem Moderator geäntwert, seng Hoffnung wier, datt et an zwee Joer "kee Cash" méi gëtt.

Wéi mir him méi spéit d'Fro gestallt hunn, wat ee soll maachen, wann de Stroum oder de Reseau ausfält zum Beispill, huet hie gelaacht an zouginn, datt et ëmmer gutt wier, e bësse Boergeld ze hunn. D'Martina Weimert sot, Wero géing net géint d'Boergeld untrieden, mee et wier eng "allgemeng Tendenz um Marché", datt ëmmer méi Leit digital bezuelen.

Wero wëll iwwer Däitschland, Frankräich, d'Belsch a Lëtzebuerg eraus: Bis Enn vu nächstem Joer soll d'App och an Holland goen a méi wäit wéilt een nach Süd- an Nordeuropa erreechen. Wero géing och nei zousätzlech Funktioune bäikréien ewéi "contactless", also ouni KontaKt kënnen ze bezuelen, de "Payement an engem Klick" oder nach d'digital Identitéit, déi am "Wallet" am digitale Portmonni kéinten integréiert ginn.

De Ludovic Francesconi, zoustänneg fir Entwécklung a Strategie bei EPI huet sengersäits verséchert, datt Wero Ekippen hätt, fir Geforen ewéi Cyberattacken oder Frauden um Schierm ze hunn an am Eeschtfall ze reagéieren.

Iwwregens Payconiq ass offiziell vum 30. September un net méi verfügbar.

Back to Top
CIM LOGO