U sech wëll d'Band TONE, déi Lienen zu Lëtzebuerg hunn, sech op hir Musek konzentréieren. Ma zu Washington kënnt een net laanscht d'Politik.

"Wat den Joe Biden sech méi dru gëtt, wat méi Supporter e wëlle lass ginn“, esou en Titel um Site vun der New York Times dëser Deeg. Den Alter vum demokratesche Presidentschaftskandidat Joe Biden ass d‘Thema Nummer 1 aktuell an den USA, a virun allem an der Haaptstad Washington DC. Dofir kommen och den Norm Veenstra a seng Band-Kolleegen net dolaanscht. De Pierre Jans hat d‘Geleeënheet de Museker mat Lëtzebuerger Pass a sengem Proufsall ze treffen.

Lëtzebuerger Museker vun DC zu aktuelle Presidentekandidaten / Rep. Pierre Jans

Den Norm a säi Grupp ginn och an der Prouf Vollgas 

U sech wëllen déi 3 Gittaristen an den Drummer vun der Band TONE sech op hir Musek konzentréieren. Ma zu Washington kënnt een net laanscht d‘Politik, ewéi de Ryan erkläert.
 
"Ech gesi mech net als politesch Persoun. Mä zu DC si lokal News national News. Du bass matzen dran. An du wäerts mat de Leit driwwer schwätzen. Esou ass DC."
 
De Ryan spillt an der Band vum Norm Veenstra. An deem seng Mam ass Lëtzebuergerin. D‘Albertine Wilhelm vun Altréier war 1961 an d‘USA ausgewandert. Den Norm ass zu Boston grouss ginn, lieft scho laang zu DC an huet déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl. Den Norm huet nach vill Famill am Grand-Duché. Et gesäit ee sech rar, gëtt de Museker zou. Mä an den USA sti Presidentielle virun der Dir. An déi zwee Kandidate wären al a problematesch, seet den Norm.

Hien ass honnertprozenteg fir d‘Demokraten. Mä den Joe Biden...
 
"Mä soll hien zerécktrieden? Ech mengen, dat muss eng Decisioun si vum Biden senger Ekipp an der Leedung vun den Demokraten. Wa jiddereen der selwechter Meenung ass. Mä wann dat e Sträit gëtt an d‘Partei géif sech splécken. Dat wär e richtege Problem.“
 
Well d‘Republikaner, déi stéingen hannert hirem Trump, weess den Norm. Och wann déi zu Washington DC ganz rar sinn. De Gittarist Chris bréngt et op de Punkt: "mir ginn eis mat deenen net of", an de Chris fënnt och, dass de Biden op d'mannst e gudde President war. Den Drummer Greg äntwert awer, dass d‘Demokraten och soss nach gutt Personal hunn, de Gouverneur vu Kalifornien Gavin Newsom zum Beispill, virop d‘Kamala Harris gëtt héich gehandelt. À voir ob d‘Kamala Harris dem Joe Biden iwwerhaapt wéilt geféierlech ginn.

De Lëtzebuerger Amerikaner Norm wéilt am Léifste just um neien Album schaffen, an dësen Zäite kann een awer net apolitesch sinn, virop net an der Haaptstad.