Als Presidentin vun enger Universitéit wënscht ee sech, nimools zu enger Geleeënheet wéi dëser, missen d'Wuert z'ergräifen. Mat dëse Wierder huet sech d'Eva Martha Eckkrammer, Punkt Mëtteg un d'Trauergäscht adresséiert. An d'Presidentin vun der Uni Tréier weider: "Die schmerzhaften Verluste der vergangenen Tage, und wir standen erst genau vor einer Woche auf der Forumsplatte zusammen, haben unser Haus zutiefst schockiert. Und wir versuchen alle, auf unsere Weise mit dem Unfassbaren umzugehen."
Mëttwochs de 15. Juli gouf den 22 Joer ale Marius Dick, just e puer Honnert Meter vun der Uni ewech, bei enger Messerattack déidlech blesséiert. Den Täter konnt gestallt ginn a wäert viru Geriicht kommen. Nëmme 4 Deeg méi spéit, e Sonndeg den 19., gouf dunn eng 29 Joer al Studentin vun der Uni, dout an hirer Wunneng am Zentrum vun Tréier fonnt. Hei hale sech d'Autoritéiten den Ament nach ganz bedeckt, well d'Enquête op vollen Toure leeft. "Das dient, dem am Ende zu erreichenden Ermittlungserfolg. Dafür bitte ich um Ihr Verständnis, für all die, die Fragen natürlich an uns hereinreichen. Sobald wir Ergebnisse haben, werden wir die Menschen entsprechend informieren", sou den Achim Schwickert, Inneminister vu Rheinland-Pfalz.
Tragesch Evenementer, fir déi et haut nach schwéier ass Wierder ze fannen. Déi bei ville Studenten e grousse Schock, vill Trauer ausgeléist hunn, matzen an enger ustrengender Prüfungszäit. Studenten, déi d'Initiativ vun der Uni begréissen, Gedenkzeremonien organiséiert ze hunn. An déi och op d'psychologesch Hëllef zeréckgräifen, déi um Campus ugebuede gëtt.
Zwee Morde bannent enger Woch an enger klenger Stad wéi Tréier, dat suergt fir Betraffenheet iwwert de Campus vun der Universitéit eraus. Et provozéiert awer och eng gewëss Veronsécherung, wou den Inneminister vu Rheinland -Pfalz en Donneschdeg de Moie probéiert huet, dogéint ze steieren.
"Trotz der jetzt schlimmen Einzelereignisse und derer vorausgegangenen Amokfahrt, ist für Trier festzustellen, dass es keine überdurchschnittliche Kriminalitätsrate hat. Im Vergleich zu rheinland-pfälzischen Städten und erst recht nicht im Vergleich zu Städten in der Bundesrepublik Deutschland", sou den Achim Schwickert.
Ee vun de Messagen en Donneschdeg war, datt et am Liewe Momenter ginn, déi een net verstoe kann. Déi een och net verstoe misst. An awer misst een domat ëmgoen. Dofir wier et elo an dëser schwiereger Zäit wichteg, datt d'Mënschen an der Stad Tréier net eleng gelooss.
Wat de Mord un där 29 Joer aler Studentin ubelaangt, déi no bei der Porta Nigra, an der Nordallee gewunnt huet, sicht d'Police nach ëmmer no Zeien, déi de Weekend eppes Verdächteges gesinn hunn.

Och d'Lëtzebuerger Studentevereenegung zu Tréier (LST) weist sech betraff vun den uergen Doten aus de leschten Deeg. Dozou d'Emma Koch, Presidentin vun der Vereenegung: "Mir wëllen och ënnersträichen als Studente vun Tréier an och vu Lëtzebuerg, dass esou eenzel tragesch Evenementer net d’Bild vun Tréier als Studentestad definéieren. Tréier ass zënter ville Jore fir dausende vu Studenten, dorënner och ville Lëtzebuerg, eng wichteg Plaz fir de Studium an den Alldag. Eis Hoffnung ass, dass mir als Gemeinschaft mat Respekt, Solidaritéit a Matgefill op dës schwéier Zäite reagéieren. Mir denken un d’Affer an hir Famillen an drécken hinnen eist opriichtegt Bäileed aus."
D'Leit zu Tréier betrëfft dës Doten natierlech och, wéi mir vun enger Rei Passanten zu Tréier gewuer gi sinn. Och hu mir si iwwert d'Sécherheetsgefill an der Stad gefrot.