16 Projete kréie finanziell Ënnerstëtzung zougeséchert

D’ganz lescht Woch iwwer war de Selektiounscomité vum Nationale Filmfong nees beienee fir seng drëtt Sessioun dëst Joer.
Am ganze goufe 27 Projeten analyséiert, vun deenen der elo 16 zeréckbehale goufen, déi eng finanziell Ënnerstëtzung wäerte kréien.
9 mol ass et eng sougenannte selektiv Hëllef beim Schreiwe vun Dréibicher oder dem Developpement. Do ass et e Gesamt-Montant vun 590.000€, deen de Filmfong bäisteiert.
Bei der Hëllef fir d’Produktioun sinn et 7 Projeten, déi vun engem staatleche Zouschoss profitéieren, dat an enger Gesamt-Héicht vu knapp 9 Milliounen €.
Eleng zwee Long-métragë (Animatioun) vun zwee Lëtzebuerger Realisateure kréie jeeweils 3 Milliounen Euro. Et sinn dat "The Lion Queen" vum Carlo Vogele an "The Last Dinosaur" vum Federico Milella.