"Et ass ganz intressant, hei ze sinn"

E Samschdeg den Nomëtteg hat de Maz zu Paräis am Stade Jean Bouin als Virsänger vum däitschen Artist Clueso e Concert.
Dat an der Fan Zone vum "Deutsches Haus" an der Maison du Luxembourg. Tëscht dem Soundcheck a sengem Optrëtt hate mir de Lëtzebuerger Artist am Interview.
De Maz ass den éischte vun am Ganze 4 Lëtzebuerger Kënschtler oder Gruppen (DJ Nosi, De Läb a Say Yes Dog), déi am Stade Jean Bouin optrieden.
"Et ass ganz intressant, hei ze sinn", sot de Maz kuerz viru sengem Optrëtt am RTL-Interview. Bis dohinner wier alles immens professionell gewiescht an e sot, et wier immens spannend hei ze sinn.
De Maz selwer huet eis am Interview verroden, datt hie selwer e grousse Sportfan ass, virun allem hätt hie selwer vill Futtball an Dëschtennis gespillt. Ma och all déi aner Sportaarte géifen hien intresséieren.
De Maz huet betount, datt hien all de Lëtzebuerger Athleten an Athletinnen d'Daumen dréckt, datt se eppes erreechen, ma de Fakt datt se hei wieren an et bis heihinner gepackt hätten, domat wier eigentlech schonns alles erreecht.
D'Lëtzebuerger kucke goen, kann de Lëtzebuerger Kënschtler awer "leider" keen, well en e Sonndeg schonn nees heem geet.
