Am historesche Somerset House zu London huet et gebrannt

© AFP/James RYBACKI
125 Pompjeeën an 20 Läschween waren am Asaz, fir dat historescht Gebai am Zentrum vu London viru Schlëmmerem ze schützen.
Nodeems d'Feier am Nomëtteg ausgebrach war, waren aus dem Daach vum klassizistesche Gebai aus dem 18. Joerhonnert Flamen ze gesinn. Am Owend konnten d'Pompjeeën dunn Entwarnung ginn: "D'Feier am Somerset House ass elo ënner Kontroll an d'Ermëttlungen zu der Brandursaach fänken un."
Wéi et vun der stellvertriedender Pompjeescheffin geheescht huet, hätten d'Alter an d'Bauweis vum Gebai d'Läschaarbechte méi schwéier gemaach. Blesséierter hätt et awer net ginn. Esouwuel Gäscht wéi och Mataarbechter hätten d'Gebai scho verlooss gehat, wéi d'Pompjeeën ukoumen.
D'Somerset House ass eng Plaz vun der Kultur. Nieft der Courtauld Gallery, an där Wierker vum Vincent van Gogh oder och nach vum Monet ausgestallt ginn, ginn am Bannenhaff vum Somerset House och méi dacks Concerte gespillt. D'Gebai ass och aus diverse Filmer bekannt, wéi "Love Actually", "Sleepy Hollow" an zwee James-Bond-Filmer. E Samschdeg war u sech eng Breakdance-Kompetitioun geplangt gewiescht.
Wärend en Deel vum Gebai "bis op Weideres" zoubleift, ass d'Courtauld Gallery selwer net direkt vum Feier betraff a wäert opbleiwen.