Nuits des Lampions 2024

© Cooperations
All Joers zitt d'Liicht-Evenement dausende vu Leit op Wolz.
Och dëst Joer wäerten am "Jardin de Wiltz" rëm d’Lampione mat de Stäre konkurréieren. Zënter hirer Grënnung am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad 2007 ass d’Nuits des Lampions zu Wolz net méi wech ze denken. Organiséiert gëtt dat Ganzt vu COOPERATIONS. Si sti mat hiren Ateliers protégés fir berufflech Inclusioun a kreéiere fir dëst Event eng flott Zesummenaarbecht vu Leit mat engem Handicap an nationalen an internationale Kënschtlerinnen a Kënschtler.
D’Nuits des Lampions gehéiert zu de grousse Licht-Evenementer a lackelt Grouss a Kleng aus dem Grand-Duché an de schéinen Norden. Natierlech gëtt dat ganzt vu sëllege Concerten an aneren Animatioune wéi Performance an Danz begleet.
De musikalesche Line-Up ass breet gefächert: hei geet et vun Elektro iwwer traditionell Balkan-Musek bis hin zu Jazz a Blues. Nieft Lëtzebuerger Artiste wéi zum Beispill dem Duo Cosmokramer, déi hiert Publikum Samschdes mat Synth Pop am 1980er New Wave Style begeeschteren, kann een sech awer och international Kënschtler*innen ulauschteren, wéi zum Beispill déi brittesch Post-Punk Electro Band MADMADMAD, déi de Freiden op der Bün stoe wäerten.
Och fir déi kleng Visiteure gëtt et vill ze kucken. De Bremer Theatergrupp MATZ suergt mat fantasievolle Masken nieft aneren Animatioune fir Ënnerhalung a vill Spaass.
D'Nuits des Lampions 2024 ass den 20. an 21. September am a ronderëm de "Jardin de Wiltz".
Ticketen fannt Dir um Site vun den Nuits des Lampions.