D'Wierk " L'Empire des lumières" vum René Magritte ass bei enger Auktioun fir 121 Milliounen Dollar ënnert den Hummer komm, e Rekordpräis.

Den héchste Präis fir e Magritte-Bild gouf virun zwee Joer erreecht mat 79 Milliounen Dollar. Dee Montant ass méi wéi däitlech iwwerschratt ginn.
 
D'surrealistescht Bild "L'Empire des Lumières" staamt aus enger ganzer Serie vu Biller, déi de Magritte ënnert deem Titel gemoolt huet. Si weisen eng Stroossenzeen an der Nuecht ënnert engem stralend bloen Himmel. D'Serie gëllt als Meeschterwierk vum Surrealismus.
 
Dat elo verkaafte Wierk staamt aus enger Konschtsammlung vun der New Yorker Bannenarchitektin Mica Ertegun. D'gebierteg Rumänin, déi mam Grënner vun der Plackefirma Atlantic Records, dem Ahmet Ertegun, bestuet war, ass Enn 2023 gestuerwen. Christie's hat d'Bild virun der Auktioun op 95 Milliounen Dollar geschat, ma scho 10 Minutten nodeems d'Auktioun lancéiert war, koum den Zouschlag fir 121,2 Milliounen Dollar. E Rekordpräis net just fir e Magritte-Bild, ma och fir e surrealistescht Konschtwierk iwwerhaapt.
 
D'Stee vun dësem Bild huet zum Héichpunkt vun den Hierscht-Auktiounen zu New York gehéiert. D'Auktiounshaus Sotheby's hofft zum Beispill op gutt Ëmsätz bei der Stee vun e puer Privatsammlungen, wéi déi vun der verstuerwener Beauty-Firmebesëtzerin Sydell Miller. Tëscht 170 an 205 Milliounen Dollar gëtt sech erwaart, dorënner soll eleng e Bild vum Claude Monet aus der berüümter Séirouse-Serie iwwer 60 Milliounen abréngen.
 
Den Highlight vun de Steeë bei Sotheb'ys gouf mat engem planzleche Wierk erreecht. Et handelt sech ëm eng Bananne, déi mat Scotch un eng Wand gepecht gouf. D'Wierk "Comedian" vum Italiener Maurizio Cattelan hat 2019 bei der Art Basel Miami Beach eng Kontrovers ausgeléist. Elo gëtt schonn déi drëtt Editioun vun dësem Wierk versteet. Déi zwee Virgänger goufe Sotheby's no allkéiers giess. Geschat gëtt dës gescotcht Bananne op 1,5 Milliounen Dollar an et kritt ee se, nieft Echtheetszertifikat, mat enger Beschreiwung, wéi d'Uebststéck muss ausgetosch ginn, wa se bis verfault ass.

RTL

Fir Christie's war et iwwregens net dat eenzegt Bild, dat e Rekordpräis erziilt huet. D'Wierk "Standard Station, Ten-Cent Western Being Torn in Half" vum Pop-Art-Kënschtler Ed Rusch ass fir 68,3 Milliounen Dollar verkaaft ginn.