Rock am Gaart - HesperTanja Forette: "Dëse Gaart gehéiert eiser Famill zënter bal 200 Joer"

Fabienne Zwally
Rosa Clemente
Fir de leschte "Rock am Gaart" hate mir e Freideg den Owend zu Hesper um Schlass eng aussergewéinlech Kuliss mat vill Geschicht. Dat Ganzt begleet vum belschen Trio Shirokuro.

Eng leschte Kéier heescht et dës Woch "Rock am Gaart" an do hu mir en Ausbléck op eng historesch Kuliss.

Zanter 1830 ass d'Haus am Familljebesëtz. Den Ament gehéiert et nach dem Tanja Forette a sengem Ex-Mann. An dat virun allem och wéinst dem Gaart mat der eenzegaarteger Vue op d'Hesper Schlass an den Hesper Dall. "Ech sinn all Dag mat mengen Hënn am Gaart a genéissen d'Aussiicht. Dat heiten ass scho ganz speziell. Mir gesinn op de Kierchtuerm an den Holleschbierg", sou d'Tanja.

Dem Tanja säi Papp, de Sylvain Forette ass hei grouss ginn an hien erënnert sech nach gutt, wéi hie mat senge Geschwëster a Cousinen hei an der Strooss an am Gaart gespillt huet. Och nach haut kënnt hien nach ëmmer gären heihinner zeréck an erzielt vu sengen Aventuren.

D'Hesper Schlass ass am 13. Joerhonnert gebaut ginn a louch strategesch gutt um Hiwwel, fir an d'Stad eran. Am 15. Joerhonnert gouf se e puer Mol zerstéiert, dofir fënnt een haut nëmmen nach d'Iwwerreschter vun der Buerg an der Buergmauer. Zanter 1984 stinn d'Iwwerreschter ënnert dem nationalen Denkmalschutz.

LSC-Kandidate fir ee speziellen Optrëtt zu Lëtzebuerg

Ma de leschten Owend vu "Rock am Gaart" hat als Highlight net nëmmen d'Vue op d'Schlass mee och e Live-Act vun der belscher Indie-Rock-Band Shirokuro. Shirokuro ass Japanesch an heescht "Wäiss-Schwaarz". Den Trio aus der Belsch huet sech hei zu Lëtzebuerg en Numm gemaach, well se um Ufank vum Joer als Kandidat beim Luxembourg Songcontest dobäi waren a fir eis mat wollten op de Eurovision goen. Um Freideg den Owend hu si ënnert anerem hiren Hit "Eye to Eye" gespillt an awer och e fonkelneit Lidd mam Numm "Blood Grenade".

Rock am Gaart - Episod 4
Fir de leschte "Rock am Gaart" hate mir e Freideg den Owend zu Hesper um Schlass eng aussergewéinlech Kuliss mat vill Geschicht. Musek gouf et vu Shirokuro

Back to Top
CIM LOGO